VOXmobile: iPhone3G vun e Freideg 18 Auer un ze kréien

RTL - 24.09.2008, 17:52 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.09.2008, 19:16

iPhone3G: VOXmobile huet den Donneschdeg matgedeelt, datt den Apple-Handy vun e Freideg 18 Auer un am VoxShop an der Stad ze kréien ass. Awer just mat Abo.

© Andrew Ross (AFP/archives)
Vun e Samschdeg un ass den iPhone3G dann am Prinzip an alle Vox Shopen ze kréien. Lëtzebuerg bleift also kee wäisse Fleck op der Apple-Kaart!

Zu de Präisser: Vox offréiert 2 Abo-Formulen op 24 Méint, eng fir 35 Euro pro Mount (mat 180 SMS oder Minutten, 1 GB Data, illimitéierte WiFi) an eng fir 50 Euro pro Mount (SMS oder Minutten illimitéiert, Data illimitéiert, WiFi illimitéiert).

Den iPhone kascht am 35-Euro-Abo 224 Euro (8 GB) oder 314 Euro (16 GB) an am 50-Euro-Abo 124 Euro (8 GB) oder 214 Euro (16 GB).

Den iPhone zu Lëtzebuerg gëtt et just mat engem Abonnement, huet awer kee Sim-Lock, et kann een also och eng Kaart vun engem aneren Operateur dra maachen.

Exklusiv-Kontrakter

Den iPhone3G ass den "In-Handy" vun Apple, deen en Hype op der ganzer Welt ausgeléist huet. Et kann een ënner anerem domat seng Maile kucken, am Internet surfen an natierlech och nach telefonéieren.

An deene meeschte Länner huet Apple just mat engem Operateur iwwer d'Vermaartung vun deem begierten Handy verhandelt. D'Decisioun, quasi just Exklusiv-Kontrakter ze maachen, ass international och scho vill kritiséiert ginn.

Datt d'Decisioun zu Lëtzebuerg op VOXmobile gefall ass, kinnt domat zesummenhänken, datt VOXmobile viru kuerzem vu Mobistar (Groupe Orange/France Télécom) aus der Belsch opkaft ginn ass - an an der Belsch ass Mobistar den Apple-Partner a Saachen iPhone.