Luxair: D’Kris huet Auswirkungen op d’Personal-Politik

RTL - 05.01.2009, 12:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.01.2009, 13:05

D’Kris huet Auswirkungen op d’Personal-Politik bei der Luxair. D’Direktioun wëll de Réckgang vu verschiddenen Aktivitéite personalméisseg kompenséieren.

Betraff si Beräicher ewéi Cargo oder „Check In" an „Handling" vun de Valissen.

Eng Partie CDD'en, „contrats a durée déterminée", ginn dofir eventuell ne méi erneiert, sot ons de Luxair-Porte-Parole Marc Gerges. Konkret Zuele gouf hie keng. Da sollen och Iwwerstonnen ofgebaut ginn.

An d'Luxair wëll dëst Joer op d'Hëllef vun Interimaire verzichten.