Den engleschsproochege Wochemagazin 352 ass faillite
RTL - 06.01.2009, 11:22 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.01.2009, 16:53
De Verlag NMG, deen déi eenzeg engleschsproocheg Wochenzeitung 352 zu Lëtzebuerg rausbruecht huet, ass den 22. Dezember 2008 faillite declaréiert ginn.

Déi englesch Wochenzeitung 352 ass Faillite. De Propriétaire vun dëser eenzeger englescher Wochenzeitung zu Lëtzebuerg - de Group NMG, New Media Group s.a. - ass den 22. Dezember ziort faillite declaréiert ginn.
De Grupp, deen och e Business Magazin publizéiert huet, hat eng 10 Leit ugestallt.
Et ass den Ament nach net kloer, wat mat hinne geschitt.
De Curateur huet den Donneschdeg, 8. Januar nach eng Entrevue mat de Géranten.
D'Zeitung 352 wor am Joer 2003 lancéiert ginn.
Et wor e Mix aus Neiegkeeten, Faits Divers an Annonce fir déi englesch Communautéiten hei zu Lëtzebuerg.

