Landsbanki: Keen Accord mat der ALEBA, elo Conciliatioun

RTL - 06.01.2009, 14:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.01.2009, 09:29

Déi islännesch Landsbanki an d'Bankegewerkschaft ALEBA hu keen Accord fonnt iwwert e Sozialplang fir 60 Leit, déi entlooss goufen.

De Sträit geet elo op d'Conciliatioun. Déi 60 Leit, déi entlooss goufen, krute bis elo keng Suen. Hir Konten op der Landsbanki sinn ëmmer nach blockéiert. Der ALEBA no, hu si e Minimum vu 9.600 Euro ze gutt, entweder als Deel vum Salaire, oder als Noutmesure, déi de Stat géif bezuelen.

D'Landsbanki goung am Dezember ziort an d'Liquidatioun. Kuerz drop hat se Faillite erklärt a ronn 60 Leit entlooss. Der ALEBA no, wor dat illegal. D'Gewerkschaft huet der Bank e Prozess gemaach.