Wanterabroch: Fluchtrafic gestéiert, Stroosse gespaart
RTL - 05.02.2013, 16:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.02.2013, 06:41 | 124 Commentaire(n)
An der Nuecht op e Mëttwoch huet et uechter d'Land nees deels kräfteg geschneit. Et koum am Beruffstrafic zu enge sëlleche Kniet.

Wéinst den zolitte Schnéischaueren war och de Fluchtrafic um Findel gestéiert
Eng ganz Partie Flich goufen annuléiert. Betraff waren Destinatioune wéi Amsterdam, Berlin-Tegel, Hamburg, Mailand, Frankfurt oder London.
Schnéi suergt fir Perturbatiounen op de Stroossen (06.02.2013)No den zolitte Schnéischaueren an der Nuecht goufen et de Moien nees vill Problemer am Trafic. Souguer e Streewon ass duerch de Schnéi am Gruef gelant. |
Accidenter
Den 112 mellt zanter en Dënschdegowend um 19 Auer 4 Accidenter, mat 3 Blesséierten. Op dräi Plazen hate sech zwee Autoen ze pake kritt an et ass eng Kéier en Auto an de Gruef gerannt.
De Schnéi war op eemol séier do...
Fir d'éischt am Éislek, wou am Laf vum vun e puer Minutte ganz Regioune vun engem wäisse Kleed bedeckt waren, an dono och am Rescht vum Land, wou een d'Impressioun hat, et hätt een d'Luucht ausgeknipst: Fir d'éischt ass et däischter ginn an du wäiss.
Den ACL huet dann och direkt viru schmierege Stroosse gewarnt. Et huet geheescht: Opgepasst, Automobilisten an och Foussgänger!
An et huet net laang gedauert, bis sech d'Nouvellen, wat den Trafic ugeet, iwwerschloen hunn: Virun allem am biergop a biergof ass relativ séier net méi vill gaangen ...
An der Stad goufen op 10 Linnen d'Arrête geännert. Géint 22 Auer um Dënschdegowend koum dunn awer d'Matdeelung, datt erëm alles normal lafe géif.
Zu Waasserbëlleg an der Musel-Sauer-Mediathéik gouf d'Liesung vum Monique Feltgen, déi fir 19.30 Auer virgesi war, annulléiert.
Eng éischt liicht Entwarnung gouf et ëm 18.20 Auer: De Schnéi misst elo lues a lues ophalen, ma an der zweeter Halschent vun der Nuecht géifen d'Temperature falen an de Schnéi zeréckkommen.
Op d'Problemer am Trafic huet sech de Schnéi, deen nogelooss huet, awer net direkt ausgewierkt. Um Kierchbierg war zum Beispill de Boulevard Pierre Frieden Richtung stadauswäerts komplett zou.
Op ville Plazen hounge Gefierer fest, dofir och op ville Plazen am Land Stau. "Quasi all d'Haaptachsen am Ralenti!", huet den ACL gemellt.
Vun der Police war et dëse gutt gemengte Rot: "Evitéiert all biergop, resp. biergof!"
Kuerz virun 20 Auer huet den ACL matgedeelt, datt all déi gespaarte Stroossen nees op wieren! Déi eenzel Kniet géife sech awer nëmme lues a lues opléisen.
1 rutscht, 2 rennen dran
Den CI-Larochette informéiert iwwer en Accident um Dënschdeg tëschen engem Camion, enger Camionnette an engem Auto op der Kräizung zu Aangelsbierg Richtung Fëschbech. Hei war ee Camion op verschneiter Strooss aus Richtung Fëschbech net méi un d'Stoe komm an ass an d'Kräizung gerutscht. Vun der enger Säit ass een Auto a vun der anerer Säit ass eng Camionnette an de Camion gerannt. Verletzt ginn ass keen, mä et ass vill Mazout ausgelaf.
Op der Plaz waren de Sauvetage an d'Police aus Fiels an d'Pompjeeë vu Fëschbech.


Äre Commentaire