Goodyear: Am Februar, Mäerz an Abrëll gëtt kuerz geschafft
RTL - 13.01.2009, 14:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.01.2009, 18:21
Goodyear: Well sech d'Situatioun weider verschlechtert huet, gëtt am Februar, Mäerz an am Abrëll an do méi gënee an der Pneue-Produktioun kuerz geschafft.

Dat huet Direktioun hire Mataarbechter matgedeelt.
Wéi et heescht, géif ee mat deene selwechte Mesure virufuere wéi zejoert, fir op dee grousse Réckgang um Niveau vun de Commanden ze reagéieren. An de nächsten 3 Méint gëtt de Weekend net geschafft.
Et gëtt nach just vu Méindes bis Donneschdes produzéiert. An der Ouschtervakanz gëtt eng Woch zougemaach an am August 3 Wochen um Stéck. Bis d'Enn vum Joer sollen déi Mesuren bestoe bleiwen. 1.300 Leit sinn dovu betraff. Viirleefeg sinn awer keng Entloossunge geplangt.
D' Ambiance bei den Aarbechter vun der Goodyear ass natierlech den Ament net déi bescht, seet de Carlo Wagner vum LCGB.Den Aly Kaes vum LCGB fir säin Deel warnt virun de Konsequenzen, déi esouguer d'Kuerzaarbecht hätt; well Kuerzaarbecht géif manner Pei bedeiten an dat hätt Repercussiounen op de ganze Commerce am Norden.


