E Grondakommes fir jiddereen, ouni dofir mussen ze schaffen?

RTL - 29.09.2009, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2009, 09:12 | 134 Commentaire(n)

E Grondakommes fir jiddereen. Ouni eng Géigeleeschtung. Esou e Sozialmodell kéint och hei am Land ëmgesat ginn, fënnt d'Initiativ Grondakommes Lëtzebuerg.

Jidderee vun eis - egal ob aarm oder räich - kritt e fixe Montant vum Staat, fir ze liewen. Dat gëtt engem eng Sécherheet a méi Fräiheeten, méi Fräizäit, wann ee wëll, a vereinfacht d'Sozialtransferten a reduzéiert den administrativen Opwand.

Dës Iddi vun engem Grondakommes fir jiddwereen gëtt a ville Länner diskutéiert. Sue fir déi Räich - firwat dat dann? ... Ass net ze finanzéieren! ... An da geet jo kee méi schaffen ... Dat alles si Viruerteeler, déi sech dësen neie Sozialmodell muss gefale loossen. Dat wär awer esou net richteg, mengt de Psycholog Alfred Groff vun der Initiative Grondakommes Lëtzebuerg.

 De Psycholog Alfred Groff »



Et geet drëms, datt jidderee vun eis - egal ob aarm oder räich - e fixe Montant kritt fir ze liewen. Déi Räich sollen en och kréien, fir datt et ebe keng Sozialmesure ass. D'Grondakommes soll jiddferengem vun eis méi Fräiheete ginn an d'Existenz-Ängschten huelen. Dat ass och duerchaus ze finanzéieren, soe vill Etuden, Economisten an Universitéiten. D'Sue wären do, et giff just drëms goen, wéi een se verdeelt.

Eng Revolutioun am Denken

D'Leit ginn net méi schaffen, wa se Suen einfach esou kréien, ass ee Viruerteel. Dat stëmmt net, weisen Etuden. Et geet ee jo net nëmme wéinst de Sue schaffen, mä och wéinst der Unerkennung an de soziale Kontakter. Leit, déi sech anescht fir d'Gesellschaft asetzen, hätte mam Grondakommes och eng Ofsécherung ...

Sou e Grondakommes fuerdert eng Revolutioun am Denken. Dat wees den Alfred Groff. Déi Lëtzebuerger Politiker kënnen den Ament wéineg mat der Iddi ufänken ...

Den Dënschdegowend, 29. September war eng 1. ëffentlech Diskussioun hei am Land iwwert d'Iddi vun engem Grondakommes. Um 19 Auer gouf am Carré Rotondes e Film iwwert de Sujet gewisen a géint 21 Auer gouf dunn diskutéiert.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!