Chamber hëlt Reform un: Vun elo u 4 Zyklen an der Schoul
RTL - 22.01.2009, 08:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.01.2009, 09:12 | 32 Commentaire(n)
Schoulreform: D’Schoul-Gesetzer iwwert den Enseignement fondamental, d’Karriär vun de Schoulmeeschteren an iwwert d’Schoulflicht sinn ugeholl.

D'Kanner gi vun der nächster Rentrée uns bis 16, a net méi just bis 15 Joer, an d'Schoul an de Préscolaire gëtt e Recht, esou de Rapporter Fernand Diederich.
Am Gesetz iwwert d'Schoul-Pflicht ginn och offensichtlech Symboler am Kontext mat der politescher, weltanschaulecher oder reliéiser Iwwerzeegung vun de Enseignante verbueden, dat gëllt awer net fir de Reliouns-Unterrecht.
Wéi d'Educatiouns-Ministesch Mady Delvaux-Stehres bei de Chamber-Débatten annoncéiert huet, gëtt et vun der nächster Rentrée uns z.B. keng Zensure méi am éischten an am zweete Joer am Primaire.
Duerfir kënnt all Trimester e sougenannten „bilan de compétence", deen d'Eltere musse bei den Enseignant siche goen.Fir d'Schüler tëscht dem 3. an dem 6. Schoul-Joer leeft de System vun de „Note" virun.
Mä no all „Zykel" vun zwee Joer gëtt ët an Zukunft e „bilan de fin de cycle". D'"Equipes pédagogiques" iwwerdeems solle bis de 15. Juli stoen.
D'Riedner ware sech um Dënschdeg op ville Punkten eens an der Chamber: d'Schoul misst op d'praktescht Liewen virbereeden, ökonomesch Aspekter wieren also wichteg, d'Lëtzebuerg missten um Aarbechtsmaart déiselwecht Chancen hunn wéi d'Frontalieren. D'Schoul misst och déi sozial Integratioun förderen. D'Sproochen dierfte kee Selectiouns-Instrument méi sinn. An et muss ee sech vu villen ale Wieder trennen an nei Wieder léieren: Schouljoeren an durchfalen sinn 2 Wieder déi ee vergiesse kann; gewinne muss ee sech un enseignement fondamental u Schoulzyklen an u Kompetenzen.
Moderat schaarf Téin gouf et an der Chamber nëmmen, wann iwwer kriddelech Punkten diskutéiert ginn ass wéi iwwer den Direktor - deen et net gëtt - an de Werteunterricht, deen et och net gëtt.

A knapps war dat neit Schoulgesetz gestëmmt, huet schon den Educatiouns- Ministère e Communiqué verschéckt , wou praktesch Prezisiounen dra stinn, wéi et mat den éischte 9 Joer Schoul an Zukunft weidergeet.
De Ministère rappelléiert, datt et dann 4 Zyklen gëtt amplaz vum fréiere Préscolaire a vun der fréierer Primärschoul. Et gëtt preziséiert, d' Zyklen 2, 3 a 4 géingen der Primärschoul entspriechen, iwwerdeems den éischten Zyklus précoce a préscolaire wier. No den éischten 2 Zyklen gëtt et jo keng Zensur méi, mee eng Evaluatioun.
D' Schoulmeeschteren schaffen an Zukunft a pädagogeschen Equipen; d'Kompetenzsockelen ginn eréischt dann obligatoresch, wann d' Testphase a 5 Schoulen uechtert d' Land fäerdeg ass, die 5 Schoulen sinn déi sougenannten „écoles en mouvement". D'Testphase dauert 2 Joer.
Mëtt Februar lancéiert de Ministère dann eng breed Informatiounskampagne an e puer Etappen. D'Schoulmeeschteren kréien am Februar eng Dokumentatioun iwwer d'Haaptaspekter vun den neie Gesetzer. Detailer iwwer d'Schoulorganisatioun ginn et dann am Abrell an der Fréijoers-Circulaire un d'Enseignanten an d'Gemengen. Am Mee kënnt eng réng pädagogesch Circulaire, d'Schoulen kënnen ausserdem Informatiouns-Versammlunge fir hirt Léierpersonal ufroen. Am Mee a Juni concertéiere sech d'Inspekteren da mat den Enseignanten.
D'Informatiounskampagne fir d'Elteren leeft parallell. U sämtlech Eltere kréien am Februar eng Brochure verdeelt, an am Februar a Mäerz presentéiert d'Ministesch dann d'Reform a Konferenzen, déi vun de Gemengen organiséiert ginn. D'Datumen vun deene Konferenzen kréien d'Elteren nach mat gedeelt. Informatiounen iwwert d'Reform ginn et awer och um Internet-Site vum Educatiounsministère, www.men.lu .
Hei dat komplett Schreiwes vum Ministère: Les grandes lignes de la mise en œuvre pour l'année scolaire 2009-2010 se résument comme suit:
- À partir de la rentrée scolaire de septembre 2009, toutes les écoles préscolaires et primaires, désormais appelées écoles fondamentales, seront organisées en 4 cycles d'apprentissage. Les cycles d'apprentissage remplaceront l'organisation traditionnelle en années scolaires. Le cycle 1 est constitué de l'éducation précoce (facultative) et préscolaire. Les cycles 2, 3 et 4 correspondent à l'enseignement primaire et ont chacun une durée de 2 ans.
- Les instituteurs et institutrices de chaque cycle se concerteront et collaboreront au sein d'équipes pédagogiques.
- Toutes les écoles fondamentales seront encouragées à travailler sur la base des grilles de compétences élaborées pour les 4 cycles d'apprentissage. Les socles de compétences ne deviendront cependant obligatoires qu'après la phase de validation actuellement en cours dans 5 écoles du pays, appelées écoles en mouvement.
- De nouvelles formes d'évaluation seront introduites dès 2009-2010 pour les cycles 1 et 2. Un bilan de fin de cycle renseignera, tous les deux ans, sur le degré de développement des compétences visées aux socles. Comme par le passé, un document de bilan intermédiaire sera établi à la fin de chaque trimestre. Il s'agira d'un modèle adapté du bulletin actuel. Ni le bilan intermédiaire ni le bilan de fin de cycle ne comporteront des notes à points. Pour les cycles 3 et 4, le bulletin traditionnel est à ce stade maintenu. Toutefois, les élèves recevront également un bilan de fin de cycle.
Afin d'informer l'ensemble des partenaires et acteurs concernés sur les modalités et le calendrier de mise en œuvre des différents volets de ces lois, le ministère de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle lancera, à partir de mi-février 2009, une démarche de communication ciblée qui se déclinera en plusieurs étapes.
Les instituteurs et institutrices de l'école fondamentale recevront, en février, une documentation sur les principaux aspects des 3 lois et le plan de mise en œuvre. Les détails concernant l'organisation scolaire 2009-2010 seront communiqués aux enseignants et aux autorités communales dans une circulaire administrative ("circulaire de printemps") au mois d'avril. Au mois de mai, une circulaire pédagogique précisera les différents aspects d'ordre pédagogique. Des réunions d'information à l'intention des enseignants pourront être organisées à la demande des écoles. En mai et juin, les inspecteurs se concerteront avec les enseignants de leurs arrondissements respectifs pour approfondir la démarche de mise en œuvre en 2009-2010.
L'information des parents d'élèves se fera en parallèle. Une brochure d'information sera diffusée à tous les parents au mois de février. De mi-février à fin mars, la ministre présentera les différents aspects de la réforme lors de conférences d'information qui seront organisées dans différentes communes. Le calendrier de ces soirées sera communiqué aux parents en temps utile.
Les autorités communales recevront, outre une lettre administrative en février et la circulaire administrative d'avril, la documentation complète destinée aux enseignants et aux parents.

Äre Commentaire