Anniversaire: 90 Joer Frae-Wahlrecht zu Lëtzebuerg
RTL - 26.10.2009, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.10.2009, 11:30 | 10 Commentaire(n)
De 26. Oktober 1919, viru 90 Joer also, sinn d'Fraen hei am Land fir d'éischte Kéier wiele gaang an si konnten deemools och fir d'éischt kandidéieren.

1919 koum mam Marguerite Thomas-Clement dann och déi éischt Fra an d'Chamber, 12 Joer laang mä duerno war erëm 34 Joer keng Fra am Parlament bis 1965 d'Astrid Lulling eng éischte Kéier gewielt gouf. Si ass bis haut dobäi bliwwen an huet am Fong deemools an haut net esou ee grousse Problem mat de Geschlechter.
Mann oder Fra, Haaptsaach gutt.
|
Viru 90 Joer ass d'Wahlrecht, wéi déi fréier Deputéiert Renée Wagner geschriwwen huet, de Fraen an de Schouss gefall, wéi eng Fruucht, déi net ganz zeideg ass.
Et gouf keng richteg Fraebeweegung, déi op d'Strooss gaang wier fir d'Wahlrecht ze froen. Et goung de Politiker bei eis éischter drëm fir an enger onstabiler politescher Situatioun d'Monarchie an sech selwer ze retten.
Mir sinn och 90 Joer nodeems d'Fraen d'Wahlrecht kritt hunn nach net um Ziel ukomm seet de cid-femmes.Um Dënschde feiert de cid-femmes zesumme mam Nationale Fraerot, den CNFL, offiziell de 90. Gebuertsdag vum Wahlrecht fir Frae mat enger Zeremonie virun der Chamber.
| VIDEO: De cid-femmes feiert dësen 90. Anniversaire virun der Chamber... |

Äre Commentaire