Wellesteen: Abriecher zervéiert sech bei Drauwen a Kiwien
RTL - 07.11.2009, 19:46 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.11.2009, 19:57
Vum Freideg op e Samschdeg gouf zu Wellesteen an zwee Haiser agebrach. Een Abriecher huet sech fir d'Kreditkaarten a fir Drauwen a Kiwien interesséiert.

Hien huet Kiwien an Drauwen, déi am Haus an der Rue de Remich waren, mat an de Keller geholl an do giess. Duerno ass e mat der geklautener Bankomatskaart op Réimech gefuer, fir Suen opzehiewen.
Och an der Wellesteener Rue Sainte-Anne gouf an een Haus agebrach. Den Täter, deen 2 Bewegungsmeldere vun de Baussescheinwerfer no uewe gedréckt hat, wollt fir d'éischt eng Fënster aushiewelen, huet et sech dunn awer anescht iwwerluecht an e Schlass geknackt, fir an e Virzëmmer ze kommen. Vun do aus ass e via déi oppe Kicheendier an d'Haus komm, wou en 30 Euro an eng Visakaart geklaut huet, mat där en dunn zu Sandweiler an zu Réimech Suen opgehuewen huet.

