Woltz: Schied duerch Spayer mat der Signatur "LMG"

RTL - 07.11.2009, 20:01 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.11.2009, 20:09

De Freideg huet een iwweräifrege Graffiti-Sprayer zu Woltz säin Onwiese gedriwwen. Seng Tags gi mat WSB un a sinn ëmmer mat LMG ënnerschriwwen.

Der Police no huet de Sprayer seng Spueren a ganz Woltz hannerlooss: op der Gare, op der Spillplaz an dem dem Cegedel-Häischen an der Rue du Moulin à Vent, op dem Busarrêt "op der Lann", um Site vum LNW an esou weider.