Gesetzprojet Asblën: De Minister wëll Text iwwerschaffen

RTL - 11.11.2009, 17:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.11.2009, 17:59 | 1 Commentaire(n)

Gesetzprojet Asbl: De Justizminister François Biltgen sot RTL, hie géing am Regierungsrot mat senge Kollege schwätzen, fir de Gesetzprojet z'iwwerschaffen.

Um Gesetzprojet iwwer d'ASBLen gouf et en Dënschdeg massiv Kritik vun 20 Associatiounen.

De Minister, deen elo dorobber ageet am Regierungsrot, seet, hien hätt dat souwisou Wëlles gehat. Domatter kënnt hien der Fuerderung vun deenen 20 Associatiounen entgéint, déi d'Revisioun vum Projet gefrot hunn.

 AUDIO: De Francois Biltgen »



D'Chambre des salariés huet iwwregens och d'Nobesseren vun deem Asbl-Gesetz gefuerdert. An se proposéiert, datt de Legislateur sech um belsche Gesetz vun 2002 inspiréiere kéint.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!