Adoptioun homosexuell Koppelen: Initiative "...Och fir eis!"

RTL - 12.11.2009, 07:51 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.11.2009, 16:42 | 47 Commentaire(n)

Adoptioun homosexuell Koppelen: D’Initiative "...Och fir eis!“ fuerdert d’Regierung op, d’adoption simple mee och d’adoption plénière opzemaachen.

D’Initiative „Och fir eis“ reagéiert op d’Aussoe vum Justizminister Francois Biltgen iwwert d’Opmaache vum zivile Bestietnes tëscht gläichgeschlechtleche Koppelen an dem Wëllen, d’Adoptiounsrecht ze reforméieren.

D’Initativ begréisst dem Minister seng Ausso, béid Dossieren net getrennt, mee als een Dossier solle behandelt ginn.

Si ass awer der Meenung, datt d’Reform vum Adoptiounsrecht net wäit genuch geet.

Si fuerdert d’Regierung an de Justizminister op, d’adoption simple souwéi och d’adoption plénière opzemaachen.

LSAP

D'LSAP gesäit am Avis vun der Nationaler Ethiks-Kommissioun, deen d'nächst Woch publique gemaach gëtt, en neien Ament.

En Dënschdeg hat ee Geriicht a Frankräich decidéiert, enger lesbescher Koppel d'Recht op eng Adoptioun zouzegestoen. Och hei am Land ass d'Diskussioun ronderëm d'Adoptiounsrecht am gaangen.

Kréien homosexuell Koppelen mam Bestietnes automatesch och d'Recht Kanner z'adoptéieren? Wéi wäit geet dat Recht op Adoptioun dann? An dëser Fro si sech d'Koalitiounspartner net ganz eens. D'CSV berifft sech op den Regierungsprogramm a seet, d'Adoptioun géif juste fir eenzel Leit opgemaach ginn, déi dann d'Kanner vum Partner adoptéiere kënnen. D'LSAP fënnt, dat mam Avis vun der Nationaler Ethiks-Kommissioun, deen déi nächst Woch publique gemaach gëtt, een neien Ament do ass. Dësen Avis misst mat considéréiert ginn, sou den LSAP-President Alex Bodry.

 AUDIO: Den Alex Bodry »


Fir ee juristesche Vakuum z'evitéieren missten déi 2 Gesetzer – dat iwert d'Adoptioun an dat iwwert d'Bestiedtnes mateneen reforméiert ginn, sou den Justizminister. Uganks 2010 sollen d'Projetsen um Dësch leien. An Diskussiounen och koalitiounsintern si virprogramméiert.

JDL

Am Kontext vun der Fro, ob homosexuell Koppelen Kanner adoptéieren duerfen, mellen sech och déi jonk Liberal zu Wuert. D'Jeunesse democratique weist drop hin, datt d'Regierung am Regierungsprogramm wuel versprach huet d'Adoptiounsgeetz ze reforméieren, dat gëlt awer nëmme fir Jonggesellen. Gläichgeschlechtlech Koppelen kréien dat Recht also net.

Di jonk Liberal bedaueren, datt d'CSV an deem Beräich nach net evoluéiert huet an dat iergendwou vun uewen erof Homosexualitéit nach ëmmer als anormal ugesi gëtt, wéi eppes wat een am léifsten evitéiert. Fir d'JDL ass dat inakzeptabel.

Doriwwer eraus betounen d'Jongdemokraten, datt et kee Bewäis dofir gëtt, datt Kanner, déi bei enger gläichgeschlechtlecher Koppel opgewuess sinn, gestéiert sinn. Am Géigendeel seet d'JDL, et muss ee fäerten, datt d'Gefor, déi vu Leit ausgeet, deenen et un der néideger geeschteger Ouverture feelt an déi iwwerméisseg konservativ sinn, datt déi Gefoer méi grouss ass.

D'Jongdemokraten bedaueren, datt duerch de Reformprojet, wéi en elo zu Lëtzebuerg virgesinn ass, datt do vum rechtlechen hir een Elterendeel net considéréiert gëtt.

D'JDL fuerdert dofir vun der Regierung fir homosexuellen Koppelen endlech d'Méiglechkeet ze ginn, eng Famill ze grënnen, déi da vun enger Legislatioun begleet ass, déi der Entwécklung vun der Gesellschaft Rechnung dréit.

 


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!