Maulusmillen: 2 Joer Fuerverbuet an 2.000 Euro Geldstrof

RTL - 23.11.2009, 17:14 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.11.2009, 08:50

Uerteel am Maulusmillen-Prozess: De Mann, deen e Polizist ugegraff an eng Kugel an de Kapp krut, gouf zu 2000 Euro Strof an 2 Joer Fuerverbuet veruerteelt.

Wéi fannt Dir
dësen Artikel?
55.56%
44.44%
171 Vote(n)
Wéint Alkohol um Steier, Refus vun enger Blutprouf, Rebellioun a Coups et blessures contre agent de police ass de Bauer vu Reiler zu 2.000 Euro Geldstrof veruerteelt ginn a krut e Fuerverbuet vun 2 Joer.

D'Geriicht zu Dikrech huet bal all d'Punkten zeréckbehalen, déi de Parquet dem Bauer reprochéiert hat.

De Bauer war jo bei enger Verkéierskontroll an der Nuecht vum 13. August 2005 schwéier blesséiert ginn, wéi e Polizist op e geschoss an en um Kapp blesséiert hat. De Polizist war dowéinst verurteelt ginn; am Oktober stoung dunn de Bauer selwer zu Dikrech viru Geriicht.

Interessant iwwregens: D'Plainte vun de "parties civiles" huet d'Geriicht als irrecevabel deklaréiert.

Wa keen an Appell geet, wier d'Affär Maulusmillen domat eriwwer.

VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg vum 23.11.09


Reportage op RTL Télé: Vum Affer zum Ugekloten (vum 26/10/2009)