Krautmaart: Besetzung vu Chamber entsprécht net Populatioun

RTL - 23.11.2009, 18:06 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.11.2009, 18:21

Krautmaart: D'Besetzung vun der Chamber entsprécht net der Compositioun vun der Populatioun. Duerfir sicht elo eng Sous-commissioun no Léisungen.

Iwwer d'Halschent vun den Deputéierten um Krautmaart kënnt aus dem ëffentleche Sekter, ma dat entsprécht net der soziologescher Zesummesetzung vun der Lëtzebuerger Populatioun.

Duerfir huet d'Chamber elo eng sous-commissioun geschaf, déi sech soll Gedanke maachen op a wéi een eppes un där Situatioun ännere kann.

Et ass jo net nei, datt d'Staatsbeamte scho ganz laang um Krautmaart dominéieren. Ma d'Kommissioun wëll sech elo mol op d'mannst Gedanken iwwert d'Compositioun maachen.

En Exercice, dee net ganz einfach ass, schliisslech ass de Wieler souverän. An et ass sécher keng Partei, déi sech an d'eege Fleesch schneit an aus repräsentative Grënn op Kandidate verzicht, déi gutt Chancen hunn.

An enger éischter Phas mussen elo d'Ursaache fir di ablacklech Situatioun erausgeschielt ginn.

Dobäi kommen Interpretatiounsschwieregkeete bei de Pensiounen. Iwwert d'Indemnitéiten, do hält de Lucien Weiler drop, ass kee Pippcheswiertchen geschwat ginn.

D'sous-commissioun schafft elo en Diskussiounspabeier aus, an dee geet dann an de Chamberbureau an d'Parteien an an d'Fraktiounen... an da gesäit ee virun.