Alpa am Trauer: D'Grënnerin Anny Eck-Hieff ass dout

RTL - 02.12.2009, 07:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.12.2009, 08:30 | 44 Commentaire(n)

D'Anny Eck-Hieff ass dout. D'Presidentin vun der Alpa, der Association luxembourgeoise pour la protection des animaux, war gefall an huet net iwwerlieft.

D'Anny Eck-Hieff, gebierteg vu Käl, ass 79 Joer al ginn.

30 Joer laang huet sech d'Grënnerin a laangjähreg Presidentin vun der Déiereschutzorganisatioun Alpa fir de Schutz an d'Rechter vun den Déieren agesat.

Déi aktiv Déiereschützerin war gefall an ass am Laf vum Méindeg un hire Blessuren am Spidol verscheet.

Wéinst hirem groussen Engagement hat d'Anny Eck-Hieff awer net nëmme Frënn a war ënnert anerem ënnert de Jeeër ëmstridden.


Är Condoleancen


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!