Gemeng Mamer: Onzefridde mat Creos-Offer fir Luxgaz-Aktien

RTL - 08.12.2009, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.12.2009, 21:17 | 8 Commentaire(n)

D'Gasgesellschaft Luxgaz soll am Prinzip Ufank 2010 a Creos agegliddert ginn. D'Mamer Gemeng ass awer onzefridde mat der Creos-Offer fir d'Aktien.

Mamer ass eng vun de 43 Gemengen, déi Parten a Luxgaz hunn. An déi Aktie solle lo a Pabeiere vu Creos ëmgetosch ginn. D'Gemeng krut ronn 470.000 Euro gebueden, ma dat geet dem Buergermeeschter Gilles Roth net duer.

Fir den Transfert sollen d'Aktionären hir Parten bei Luxgaz an Aktie vun der neier Gesellschaft Creos ëmtauschen. Een Drëttel vu Luxgaz gehéiert Gemengen. An eng vun hinnen, an zwar Mamer, ass mat der ablacklecher Offer net zefridden an huet dowéinst am Gemengerot den Tosch refuséiert.

Mamer krut fir seng Aktie ronn 470.000 Euro gebueden. Ma domadder ginn d'Investissementer an d'Aarbecht, déi d'Gemeng an d'Gasleitungen an de Reseau gestach huet, net gewierdegt, kritiséiert de Mamer Buergermeeschter Gilles Roth.

Creos profitéiert schliisslech vun deem gudde Reseau an de ville Gasuschléiss, déi d'Mamer Gemeng installéiert huet, fënnt de Gilles Roth an soll duerfir och een anstännege Präis bezuelen. D'Gemeng huet aleng eng Rechnung vun 3,8 Milliounen Euro opgestallt, wat de Wäert vun den iwwer 1.500 Uschlëss ugeet, déi d'Gemeng gemaach huet.

De Projet Creos stellt de Gilles Roth am Prinzip awer net a Fro. Trotzdem misste senger Rechnung no och nei potentiell Clienten, déi de Mamer Gasreseau an Zukunft benotze kënnen, mat abezu ginn.

Ma Creos spillt do net mat. Luxgaz ass am Summer op bal 70 Milliounen Euro evaluéiert ginn. An un där Enveloppe gëtt net méi gefréckelt.

Wa Mamer lo seng Aktien net tauscht, dann huet dat an éischter Linn mol nëmme Repercussioune fir d'Gemeng selwer. Si kritt kee Matsproocherecht am Verwaltungsrot vu Creos, seet de Marc Hoffmann, Präsident vu Luxgaz.

D'Diskussiounen an deenen anere Gemengeréit lafen. Wéivill der scho getosch hunn, ass net gewosst. An op aner Gemengen lo och eng besser Offer fir sech rausschloe wëllen, sief dohi gestallt.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!