RBC Dexia: Kritik vu Gewerkschafte wéinst Plazenofbau
RTL - 07.12.2009, 21:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.12.2009, 07:59
RBC Dexia entléisst vill Leit a gëtt sech iwwerhaapt net eens mat de Gewerkschaften. Direkt 3 Syndikater iergere sech iwwert d'Virgehensweis vun der Bank.

Aleba, LCGB an OGB-L iergere sech iwwer d'Manéier, mat där d'Direktioun wollt iwwer e Plang "maintien dans l'emploi" schwätze. De leschten Donneschdeg hätten si zu de Personalvertrieder gesot: Si géinge sech nach laang un deen Dag erënneren.
D'Gewerkschafte sinn der Meenung, datt d'Patronat sech behëlt wéi am Mëttelalter. Der Direktioun géing et einfach drëm goen, 74 Plazen ofzebauen. AUDIO: De Vincent Jacquet vum LCGB »
Si krute keng Satisfaktioun, datt och géing iwwer fräiwëlleg Departe geschwat ginn: Déi betraffe Leit hätten direkt gekënnegt an e Scheck an de Grapp gedréckt krut.
Domatter waren d'Syndikater net averstanen, déi dervun ausginn, datt d'Direktioun sech wuel eleng un dësen eenzege Punkt aus dem Plang gehalen hätt.
An dobäi kéinten eng ganz Partie Leit - no enger Formatioun natierlech - an aner Departementer an der Bank reklasséiert ginn. Ronn 40 Posten sinn nämlech fräi, seet de Vincent Jacquet vum LCGB.
D'Syndikater hunn de Konjunkturcomité an déi zoustänneg Ministeren iwwer déi ablécklech Situatioun op der RBC Dexia an d'Bild gesat.
