Donneschdeg, 02. September 2010

National News

Stater Budgetsprojet: Rout Zuelen a Rekordinvestitiounen

RTL - 07.12.2009, 23:11 - Fir d'lescht aktualiséiert: 07.12.2009, 23:29

Budgetspresentatioun um Méindeg an der Stad: 170 Millioune sollen 2010 investéiert ginn. Dank de Reserve bleift d'Stad dat anert Joer awer ouni Scholden.

Zanter 12 Joer schreift d'Gemeng Lëtzebuerg 2010 erëm rout Zuelen: Am Budget fir dat anert Joer ass e Minus vun 63,4 Milliounen Euro virgesinn ... de rektifizéierte Budget fir de lafenden Exercice läit esouguer bei engem Defizit vun 72,8 Milliounen Euro ... bal d'Halschent dovunner – ronn 35 Milliounen – ginn awer op de Kont vum Gebai vun der 'Luxembourgeoise' um Boulevard Royal, dat d'Gemeng dëtt Joer kaf huet.

Um Héichpunkt vun de gëllene Joer – 2007 – huet d'Stad kënne 60 Milliounen Euro an hire 'Fonds de renouvellement' stiechen, dat sinn d'Reserven, déi elo bei 125 Millioune leie, ma net méi laang.

Wann d'Defiziter vun dësem a vum nächste Joer nämlech equilibréiert gi sinn, bleift dovunner näischt méi iwwreg, well de rektifizéierte Budget 2009 soll mat engem Defizit vun 72,4 Milliounen ofschléissen an dee vum anere Joer mat 63,4 Milliounen. Bei den 72,4 Millioune mécht de Kaf vum Gebai vun der 'Luxembourgeoise' allerdéngs ronn d'Halschent vum Minus aus.

Esou wéi beim Staat, gëtt och an der Stad gespuert, awer net 2011 ma direkt bei de Fonctionnementskäschten. 40 Milliounen am Verglach mat 2009. Zanter dem Summer ass ganz genee gekuckt gi, wou ka gestrach gi, seet de Buergermeeschter Paul Helminger.

Mam Resultat: Op den 31. Dezember vum nächste Joer huet d'Stad nach ëmmer keng Sue musse léinen, fir d'Defiziter ze droen, esou de Finanzschäffe François Bausch. Obwuel weider massiv investéiert gëtt: dat anert Joer iwwer 170 Milliounen.

 De François Bausch »



'Dat ass e Rekord', sot de Finanzschäffe François Bausch um Méindeg bei der Presentatioun vum Budget am Gemengerot.

 De François Bausch »



Ma di blo-gréng Majoritéit wollt den Invest dat anert Joer eben express héich halen, esou de François Bausch. D'Gemeng wier sech hirer Responsabilitéit vis-à-vis vum Land an och vis-à-vis vun de klengen a mëttleren Entreprise nämlech bewosst.

E groussen Deel vun den Investitioune si fir d'Mobilitéit: z.B. 12,7 Millioune fir de Lift an de Pafendall; 10 fir de Betribsleitsytem vun de Bussen oder 4 Millioune fir d'Gesellschaft, déi den Tram preparéiert.

Och an d'Kannerbetreiung soll investéiert ginn. A vun de Kanner ass et net wäit ewech bei den onzefriddene 'comité de cogestion' vun den Enseignanten. De Paul Helminger versteet dat net, well bei all Service gestrach ginn ass.

De François Bausch seet, datt kengem Enseignant bis elo een Hoer gekrëmmt ginn ass an kee Kand ënnert de Aspuerunge leide muss. An d'géing déi aner Joer nach vill méi schlëmm, mat de Finanzen.

De Freideg gëtt um Knuedler iwwert d'Zuele vun 2010 debattéiert. De Méindeg drop äntwert nach eemol de Schäfferot an da kënnt de Budget zum Vote.



Är Commentairen

Gidd w.e.g. Ären Numm an Är E-Mail-Adress un. Merci! D'E-Mail-Adress froe mir, fir Iech eng Confirmatioun ze schécken, wann Äre Commentaire online ass.
Duerch d'Fortschécke vun Ärem Commentaire acceptéiert Dir eis
Conditions d'utilisations fir d'Moderatioun vun eise Commentairen a Lieserbréiwer.

MODERÉIERT W.E.G. ÄREN TOUN: KENG FRECHHEETEN.
KENG ONGEPRÉIFTE "FAKTEN". KENG FALSCH IDENTITÉITEN. MERCI!
Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
2. Sep 18:19  BNP Real Estate: Taux de Vacance bei Bürosgebaier héich
2. Sep 16:16  Lokales: Auto a Gruef tëscht Garnech a Wandhaff, Mann voll
2. Sep 16:03  Vermësst zënter 25. August: Belo Simoes Abreu Luis Cesario
2. Sep 15:10  Tunnel Houwald: Aarbechte lafe wéi geplangt, sou P&Ch
2. Sep 12:19  SES-Astra: 3D-Tëlee mat manner techneschem Opwand
2. Sep 11:42  Integration durch Austausch: IdA Programm och zu Lëtzebuerg
2. Sep 11:29  Lokales: 1 Persoun schwéier blesséiert bei Accident op A1
2. Sep 11:25  Lokales: Automobilistin mat 151 amplaz 70 km/h ënnerwee
2. Sep 10:20  Iechternach/Manertchen: Auto mat Päerd zesummegestouss
2. Sep 08:01  Staatsbudget: Optakt vun de Beichtstullgespréicher
1. Sep 18:00  Lokales: Fra erstach bei Familljesträit zu Esch e Mëttwoch
2. Sep 07:58  Lokales: 3 Blesséierter bei Accident zu Bierchem/Béiweng
2. Sep 07:42  Lokales: D'Stater Pompjeeë waren direkt 3 mol am Asaz
1. Sep 16:28  Bilan Karschnatz: 20% Abousse am Verglach mat 2009
2. Sep 07:30  Wäiswampesch: Drénkwaasser gespaart den 2. September
31. Aug 18:54  Streck Briddel-Stroossen: Wéint Chantier 3 Deeg zou vum 2/9
1. Sep 17:54  Lokales: 4 Liicht Blesséierter bei Accident op A13
2. Sep 07:30  DGB: Däitsch Kritik u Lëtzebuerger Kannergeld-Mesure
1. Sep 13:46  Lokales: Zu Esch huet eng Spillplaz gebrannt
1. Sep 13:42  ADR: Neien Agrarzenter Jo, mä net egalwou an egalwéi!
1. Sep 13:42  Aarbechtsaccident zu Klierf: Fangerkëppchen ofgetrennt
1. Sep 13:41  D'Inflatioun ass am August op 2,2% zréckgaang
1. Sep 13:40  Lokales: Zu Iechternach ass an eng Gäertnerei agebrach ginn
1. Sep 13:16  De Robert Biever ass elo offiziel Procureur Général
1. Sep 12:00  Meteo: Den August war en extrem naasse Mount
1. Sep 12:00  Reform bei der Douane: Gewerkschaft nëmmen zum Deel averstan
1. Sep 13:20  driving.lu an habiter.lu elo och um Site vun RTL
1. Sep 11:13  Zeienopruff: Porsche geklaut zu Péiteng e Mëttwochmoien
1. Sep 09:06  D'ASTI warnt viru falsche Sue-Sammler déi ënnerwee sinn
1. Sep 08:20  Nei eenheetlech grenziwwerschreidend Tariffer op Buslinnen
31. Aug 22:58  Findel: Accident vun engem Privatfliger um Dënschdegowend
31. Aug 17:52  Accident tëscht Eiter a Bus: Schwanger Fra blesséiert
31. Aug 16:07  Ausweisung vu serbescher Famill offiziell confirméiert
31. Aug 15:00  Aarbechte vun der Sotel illegal, sou Greenpeace
31. Aug 13:21  Gratis Nohëllefscoursen vum CPOS fänken den 1. September un
31. Aug 12:58  Lokales: 2 Blesséierter bei 2 Accidenter um Dënschdegmoien
31. Aug 12:14  Iceland Express: Keng Vole méi vu Lëtzebuerg op New York
31. Aug 11:30  Virun 68 Joer: D'Lëtzebuerger soten de Nazien "Nee"
31. Aug 07:20  Bréissel: De Jean-Claude Juncker war beim Herman Van Rompuy
31. Aug 01:12  Lokales: Schwéieren Accident um Blvd. JFK um Kierchbierg
30. Aug 07:27  Stater Geschäftsverband: Gutt Braderie, net super wéi 2009
10. Aug 17:05  Pakistan brauch Hëllef: Spendenopriff zu Lëtzebuerg

Ëmfro »

Hutt Dir är Batterien iwwer d'Summervakanz konnten oplueden, fir d'Rentrée elo mat Energie kënnen z'attackéieren?
Op alle Fall!
Nee, ech brauch nach méi Vakanz!
Ech hat guer keng Vakanz...
Ech hu keng Meenung dozou.

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.

Hifi International