Juncker: Kee Grond fir Vertrauenskris no den Interventiounen
RTL - 30.09.2008, 13:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.09.2008, 13:56
De Premier berouegt am RTL-Interview d'Cliente vu Fortis an Dexia. No der massiver Finanzinterventioun vum Stat sollt een erëm Vertrauen hunn.

De Staatsminister wëll d’Leit berouegen: D’Regierung, also de Stat, wier do, wann d’Economie Schwieregkeeten hätt: Et misst ee sech och keng Suergen iwwert seng Sue bei der Fortis oder der Dexia maachen, esou de Premier. Dee gréisste Feeler, deen een elo maache kinnt, wier eng Verlängerung vum Vertrauensverloscht. Fir esou eng Vertrauenskris géif et nämlech no der staarker statlecher Finanz-Interventioun kee Grond.
Bei der néideger Nei-Opstellung vun den internationale Finanzsystemer muss Europa eng Féierungsroll spillen, mengt doriwwer eraus de President vum Euro-Grupp Jean-Claude Juncker.
Duerfir gesin sech an de nächsten Deeg zu Paräis déi europäesch Vertrieder vum G8, dat heescht Däitschland, Frankräich, Italien a Groussbritannien, zesummen mam President vum Eurogrupp a mam President vun der europäescher Zentralbank.
Do soll eng europäesch Positioun festegeluecht ginn, "en vue" vun engem erweiderten G8-Sommet iwwer d’Finanzkris.
Vum Echec vum amerikanesche Rettungsplang weist sech de Jean-Claude Juncker enttäuscht.
