Ëmfro: 77 % vun Auslänner fir Wahlrecht fir Chamberwahlen
RTL - 15.12.2009, 12:48 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.12.2009, 08:32
Fir hiren 30. Anniversaire huet d'Asti en TNS-Ilres-Sondage an Optrag ginn: 90% vun den Auslänner sinn z.B. fir dat aktiivt Wahlrecht bei de Gemengewahlen.

D'Land, wou déi Gefroten den Ament am léifste liewen, ass fir grad esou vill Lëtzebuerger wéi Auslänner de Grand-Duché - fir 78 respektiv 77 Prozent.
Fir déi duebel Nationalitéit
Knapp d'Halschent vun den Auslänner sinn esou zefridden hei am Land, datt si soten, Lëtzebuerg wär wéi hir Heemecht. 56% vun den Auslänner wëllen déi Lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen, woubäi déi grouss Majoritéit, 4/5 parallel awer déi eegen Nationalitéit, behale wëll.
68% vun de Lëtzebuerger begréissen dat aktiivt Wahlrecht fir d'Auslänner um kommunale Plang, wougéint 90% vun den Auslänner fir dat Wahlrecht sinn. 77% vun den Auslänner géifen donieft gär bei de Chamberwahlen mat wielen.
Fir d'Asti weist dee Sondage, datt d'Auslänner sech hei am Land wuel fillen, an datt si, am Sënn vu méi Integratioun, och gäre politesch méi matschwätzen.
"Wat erauskoum, mécht eis frou, et war sou ze soen ee Cadeau fir eise Gebuertsdag", sou de Porte-Parole vun der Asti, de Jean Lichtfous.
|
D'Asti hofft, datt dee Sondage kann dozou bäidroen, datt déi politesch Rechter vun den Auslänner hei zu Lëtzebuerg nach erweidert ginn.
| VIDEO: Sujet op RTL Télé Lëtzebuerg |
