Accident tëscht Schuller a Käerjeng: Fra schwéier blesséiert
RTL - 19.12.2009, 09:57 - Fir d'lescht aktualiséiert: 19.12.2009, 18:04
D'Fra hat hiren Auto neméi ënner Kontroll an ass an de Gruef gerutscht.
Zu Bartreng an Direktioun Stroossen waren um Samschden de Mëtten zwee Autoen anenee gerannt. Kollisioun och tëscht zwee Ween dann och um Samschden am Nomëtten zu Dikrech an och zu Mamer wou et op d'Autobunn geet waren zwee Autoen net laanschtenee komm.
Den 112 mellt nach 2 Accidenter e Freideg den Owend. Kuerz no 19.00 Auer sinn zu Bartreng bei den Thermen 2 Autoen net laanschdenee komm, hei sinn zwou Persoune liicht blesséiert ginn.
Dat 2. Accident um Freideg den Owend war géint 22.40 Auer zu Peppeng, op der Kräizung a Richtung Léiweng. Eng Automobilistin huet e Motorad iwwersinn an ugestouss. De Motard gouf op der Broscht an um Bee verwonnt. Hien hat och ze vill gedronk, kee Führerschäin an säi Gefier wor net ugemellt an och net verséchert. An duerfir gouf et dunn och konfiskéiert.
Abroch um Freideg dn Owend géint 18.00 Auer zu Duehlem an der 'Rue des Trois Cantons'. De Brigang ass hannen an en Haus era geklomm. Dunn ass d'Alarmanlag ugaang an de Mann huet sech duerch d'Bascht gemaach.
Um Houwald huet eng Koppel e Freideg den Owend an der Apdikt mat engem 500er bezuelt. Wéi et ëm d'Mënz gaang ass, huet d'Fra an d'Keess gegraff an an enger friemer Sprooch gesot, datt si keng 50er wéilt. Beim Decompte hu Sue gefeelt. De Mann an d'Fra hate schwaarz Hoer a gesinn aus wéi Leit aus Indien. D'Fra hat e laange schwaarze Mantel mat brongem Pelz un.
An dann hunn d'Police an d'Douane erëm grenziwwerschreidend Kontrolle laanscht d'Grenz mat der Belsch a mat Frankräich gemaach. Am ganzen 258 Beamten aus den dräi Länner woren am Asaz. Resultat op Lëtzebuerger Säit: 11 Protokoller.
Feier um Samschden de Muere géint halwer 9 an engem Haus an der Groussgaass zu Äischen. Kellerbrand an der Rue des Noyers zu Esch. An och an der Rue de l'Ecole zu Steebrécken huet et um Samschden de Muere gefonkt.
Gebrannt hat et dann e Samschden am fréien Nomëtten zu Déifferdeng an der Kiche vun engem Appartement an zu Iechternach. Do war vrun allem vill Damp an engem Haus.