Gréiwels-Kietscht: Déidlechen Accident um Samschdegowend
RTL - 19.12.2009, 23:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.12.2009, 11:49
Bei engem Autosaccident tëscht Gréiwels a Kietscht huet um Samschdegowend ee Bäifuerer säi Liewe gelooss. De Chauffer gouf ageklemmt an uerg verwonnt.

Aus nach net gekläerter Uersaach huet den Onglécksauto, deen a Richtung Kietscht (Koetschette an der Gemeng Rammerech) ënnerwee war, eng Rietskéier net richteg kritt an ass mam hënneschten Deel vu sengem Won widdert e Bam gerannt.
Duerch de Choc ass de Bäifuerer aus dem Gefier eraus geschleidert ginn, hien huet net iwwerlieft. De Chauffer gouf ageklemmt am Auto an huet vun de Rettungskräft misse befreit ginn. Hien ass schwéier blesséiert.
Eventuell Zeie solle sech bei der Réidener Police mellen. Op d'mannst 46 Leit hunn domat ewell hiert Liewen an dësem Joer op eise Stroosse verluer.


