Dresdner Bank Gebai ze verkafen: D'Chamber intresséiert
RTL - 22.12.2009, 07:06 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.12.2009, 07:12
D’Dresdner Bank wëll hir Gebaier um Krautmaart verkafen, an d’Chamber an de Stat sinn dorun interesséiert.

D’Gebai vun der Dresdner Bank Lëtzebuerg läit vis-à-vis vum Parlament a vum Palais.
Zum sougenannte Wiltheim/Raville-Quartier gehéieren awer nach aner Haiser um Gruef.
D’Chamber hätt schonn éischt informell Gespréicher mat der Bank gefouert, gëtt de Parlamentspresident Laurent Mosar zitéiert.
D’Dresdner gëtt jo an d’Commerzbank integréiert, wouduerch eng 180 Aarbechtsplazen ewech falen.

