D'Adri van Westerop ass dout. Am Alter vun 52 Joer ass déi geléiert Chemie-Ingénieurin un engem Häerzleiden an u Longekriibs gestuerwen.

D'Adri van Westerop (9.12.1957 – 23.12.2009).
D'Adri van Westerop, Fra vum Raymond Aenderkerk a Mamm vum Joya, ass hei am Land bekannt ginn als éischten Ëmweltberoderin, wéi si fir den Oekofong geschafft huet.
Während 10 Joer Ëffentlechkeetsaarbecht, och um Radio, huet si sech fir e responsabelt Behuelen agesat, vum Akaf, iwwert gesond Ernährung an ökologescht Baue bis Ëmweltschutz an de Verwaltungen oder an de Supermarchéën. Zesumme mam heitege Minister Marco Schank huet si och 2 Bicher zu deem Thema verëffentlecht.
Di Verstuerwen wor awer och eng vun den dreiwende Kräften hannert der Oekofoire an huet matgehollef, TransFair-Minka ze grënnen, a sech ebe fir de fairen Handel zu Lëtzebuerg angesat.
Donieft wor d'Adri van Westerop an enger Abberzuel anere Projeten an Organisatiounen aktiv, déi hirer öko-sozialer Iwwerzeegung entsprach hunn: Si war Matbegrënnerin vun Akut a war bis zu Lescht engagéiert bei "Justice et Paix" a bei "Etika".
Am Kader vum Projet "oppe Famill" vun der Croix-Rouge, fir Asilbewerber opzehuelen, hat si 2006 zesumme mat hirer Famill dem Samra aus Äthiopien fir annerhalleft Joer en neit Doheem ginn.
1999 ass d'Adri van Westerop an d'Direktioun vu Servior op d'Rhum gewiesselt.
Déi gebierteg Hollännerin, déi 1983 op Lëtzebuerg komm ass, ass 1999 fir d'éischt an de Conseil vu Betzder gewielt ginn. D'Adri van Westerop huet sech bei de Gréngen engagéiert a wor och Kandidatin op Lëschte fir d'Europa- a fir d'Chamberwahlen.
Si ass schonn e Mëttwoch gestuerwen. Eng Cérémonie d'adieu ass den Dënschdeg, 29. Dezember ëm 15 Auer an der Porkierch zu Rued/Syr.
![]() | D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.! |
| 2. Sep 16:16 | Lokales: Auto a Gruef tëscht Garnech a Wandhaff, Mann voll |
| 2. Sep 16:03 | Vermësst zënter 25. August: Belo Simoes Abreu Luis Cesario |
| 2. Sep 15:10 | Tunnel Houwald: Aarbechte lafe wéi geplangt, sou P&Ch |
| 2. Sep 12:19 | SES-Astra: 3D-Tëlee mat manner techneschem Opwand |
| 2. Sep 11:42 | Integration durch Austausch: IdA Programm och zu Lëtzebuerg |
| 2. Sep 11:29 | Lokales: 1 Persoun schwéier blesséiert bei Accident op A1 |
| 2. Sep 11:25 | Lokales: Automobilistin mat 151 amplaz 70 km/h ënnerwee |
| 2. Sep 10:20 | Iechternach/Manertchen: Auto mat Päerd zesummegestouss |
| 2. Sep 08:01 | Staatsbudget: Optakt vun de Beichtstullgespréicher |
| 1. Sep 18:00 | Lokales: Fra erstach bei Familljesträit zu Esch e Mëttwoch |
| 2. Sep 07:58 | Lokales: 3 Blesséierter bei Accident zu Bierchem/Béiweng |
| 2. Sep 07:42 | Lokales: D'Stater Pompjeeë waren direkt 3 mol am Asaz |
| 1. Sep 16:28 | Bilan Karschnatz: 20% Abousse am Verglach mat 2009 |
| 2. Sep 07:30 | Wäiswampesch: Drénkwaasser gespaart den 2. September |
| 31. Aug 18:54 | Streck Briddel-Stroossen: Wéint Chantier 3 Deeg zou vum 2/9 |
| 1. Sep 17:54 | Lokales: 4 Liicht Blesséierter bei Accident op A13 |
| 2. Sep 07:30 | DGB: Däitsch Kritik u Lëtzebuerger Kannergeld-Mesure |
| 1. Sep 13:46 | Lokales: Zu Esch huet eng Spillplaz gebrannt |
| 1. Sep 13:42 | ADR: Neien Agrarzenter Jo, mä net egalwou an egalwéi! |
| 1. Sep 13:42 | Aarbechtsaccident zu Klierf: Fangerkëppchen ofgetrennt |
| 1. Sep 13:41 | D'Inflatioun ass am August op 2,2% zréckgaang |
| 1. Sep 13:40 | Lokales: Zu Iechternach ass an eng Gäertnerei agebrach ginn |
| 1. Sep 13:16 | De Robert Biever ass elo offiziel Procureur Général |
| 1. Sep 12:00 | Meteo: Den August war en extrem naasse Mount |
| 1. Sep 12:00 | Reform bei der Douane: Gewerkschaft nëmmen zum Deel averstan |
| 1. Sep 13:20 | driving.lu an habiter.lu elo och um Site vun RTL |
| 1. Sep 11:13 | Zeienopruff: Porsche geklaut zu Péiteng e Mëttwochmoien |
| 1. Sep 09:06 | D'ASTI warnt viru falsche Sue-Sammler déi ënnerwee sinn |
| 1. Sep 08:20 | Nei eenheetlech grenziwwerschreidend Tariffer op Buslinnen |
| 31. Aug 22:58 | Findel: Accident vun engem Privatfliger um Dënschdegowend |
| 31. Aug 17:52 | Accident tëscht Eiter a Bus: Schwanger Fra blesséiert |
| 31. Aug 16:07 | Ausweisung vu serbescher Famill offiziell confirméiert |
| 31. Aug 15:00 | Aarbechte vun der Sotel illegal, sou Greenpeace |
| 31. Aug 13:21 | Gratis Nohëllefscoursen vum CPOS fänken den 1. September un |
| 31. Aug 12:58 | Lokales: 2 Blesséierter bei 2 Accidenter um Dënschdegmoien |
| 31. Aug 12:14 | Iceland Express: Keng Vole méi vu Lëtzebuerg op New York |
| 31. Aug 11:30 | Virun 68 Joer: D'Lëtzebuerger soten de Nazien "Nee" |
| 31. Aug 07:20 | Bréissel: De Jean-Claude Juncker war beim Herman Van Rompuy |
| 31. Aug 01:12 | Lokales: Schwéieren Accident um Blvd. JFK um Kierchbierg |
| 30. Aug 07:27 | Stater Geschäftsverband: Gutt Braderie, net super wéi 2009 |
| 10. Aug 17:05 | Pakistan brauch Hëllef: Spendenopriff zu Lëtzebuerg |
Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.