Kannerbonus: 2009 kréien d'Elteren 12mol d'Joer 76,88 Euro

RTL - 27.01.2009, 16:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.01.2009, 09:33 | 8 Commentaire(n)

227 Milliounen Euro: Dat ass de Montant vum Kannerbonus, deen 2008 un 242.000 Kanner ausbezuelt gouf. Vun dëser Woch u ginn all Mount 76,88€ iwwerwisen.

Pro Kand gëtt et jo 922 Euro a 50 Cent. An déi ginn  - quasi vun dëser Woch un -  elo Mount fir Mount ausbezuelt. Dat huet d'Familjeministesch Marie-Josée Jacobs confirméiert.

12 Mol d Joer kréien also elo d'Elteren 76 Euro an 88 Cent fir all Kand iwwerwisen. An et bleift derbäi, datt déi jonk Elteren, deenen hirt Kand erréischt am Laf vum Joer gebuer gëtt, d'ganz Zomm kréien. Dat huet jo steierlech Ursaachen.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!