Donneschdeg, 02. September 2010

National News

Bofferding effektiv u Reprise vun Diekirch interesséiert!

RTL - 14.01.2010, 06:25 - Fir d'lescht aktualiséiert: 15.01.2010, 10:33

D'Brauerei "Bofferding" ass effektiv dorunner interesséiert, fir "Diekirch" ze iwwerhuelen. Dat seet de Chef vu Bofferding, de Georges M. Lentz.

De Georges M. Lentz betount awer och, datt säin Haus méi laang schonns Interessi gewisen hätt.

Et gëtt also, wéi den Aarbechtsminister Nicolas Schmit sot, eng Méiglechkeet, fir datt d'Brauerei "Diekirch" am Land bleift an datt d'Produktioun an d'Aarbechtsplazen erhale bleiwen. An dréchenen Dicher ass déi Saach awer nach net.

De Premier Jean-Claude Juncker huet am RTL-Moiesjournal präziséiert, datt zesumme mat AB InBev misst eng Léisung fonnt ginn. De Problem géif net zu Lëtzebuerg, mä an der Belsch geléist ginn.

Wat wëll AB Inbev?

Bofferding ass interesséiert fir "Diekirch" ze iwwerhuelen, dorunner léisst de Georges M. Lentz eigentlech keen Zweifel, kitt datt d'Konditioune vun der Stee nach genee missten diskutéiert ginn. De Problem awer schengen d'Leit beim Patron vun "Diekirch" ze sinn, nämlech AB Inbev. D'Aktionären vun AB Inbev wëllen d'Produktioun hei am Land zwar zoumaachen, ma wat de Verkaf vun "Diekirch" ugeet, si se zeréckhalend.

Iert d'Situatioun bei Diekirch déi war, déi se ass, goufen et - wéi gesot - schonns intensiv Gespréicher. Déi goufe viru 5 Méint awer vun Inbrev gestoppt, sou de Georges M. Lentz. Firwat? "Dat wësse mir net", esou de Patron vu Bofferding. A Problemer wéinst enger eventueller "Position dominante" gesäit hien och net, juristesch géng näischt dogéint schwätzen a verbuede wier och just den Abus vun esou enger "Position dominante". Et wéilt een awer op alle fall um Ball bleiwen.

 De Georges M. Lentz »



Bei Bofferding waart een elo of, wat d'Kontakter tëscht Lëtzebuerg an AB Inbev op politeschem Niveau bréngen. De Freideg de Moien ass Diekirch dann och een Thema am Ministerrot an nomëttes gesinn de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké an den Aarbechtsminister Nicolas Schmit d'Personal vun Diekirch. Déi hunn ewell allebéid signaliséiert, datt si fir eng "Lëtzebueger Léisung" sinn.

 De Jeannot Krecké »



Am Interview den Donneschdegmoien am Moiesjournal vun RTL Radio Lëtzebuerg hat den Aarbechtsminister Nicolas Schmit jo gesot, datt eng valabel Lëtzebuerger Léisung um Dësch läit.

 Den Nicolas Schmit »



Well ee Betrib zoumaachen, deen di zwee leschte Joere nach gudde Benefice gemaach huet, dat ass eng Logik, déi net ze acceptéieren ass, sou den Aarbechtsminister Nicolas Schmit weider, besonnesch dann net, wann eng propper industriell Léisung um Dësch leit ...

 Den Nicolas Schmit »



D'Aussoe vum Aarbechtsminister gi vun de Gewerkschaften LCGB an OGB-L begréisst.




Claude Haagen: "Brasserie nationale?"

An enger parlamentarescher Fro un de Wirtschafts- an un den Aarbechtsminister hat den LSAP-Nord-Deputéierte vun Dikrech, de Claude Haagen, gefrot, ëm wéi eng Firma oder Firmen et sech handelt, déi un enger Reprise interesséiert sinn, ob et Lëtzebuerger Entreprisë sinn an ob si aus dem Secteur vun der Brasserie kommen. Seng als Fro verpaakte Konklusioun: "Dans ce cas, ne serait-il pas opportun de favoriser une solution nationale en vue de fonder une « brasserie nationale » ?"

Keng Gespréicher an der Belsch

An der Belsch sinn d'Gespréicher tëscht der Direktioun vun InBev an de Gewerkschaften den Ament festgefruer. En Donneschdegowend wor eng weider Entrevue, wou een net weider koum. D'Direktioun vun InBev huet nämlech refuséiert de Restrukturatiounsplang nach eemol ze iwwerschaffen. D'Syndikater hunn doropshin decidéiert, mat de Blockageaktiounen zu Louvain, Jupille an Hoegaarden virun ze fueren. D'Direktioun huet awer nach eemol kloer gemaach, datt si alles géif maache fir een eng Solutioun ze fannen. An den nächsten Deeg wëll si dowéinst nach eemol mat de Gewerkschaften iwwert déi economesch Aspekter vun der Entreprise diskutéieren. Eng Positioun, déi fir d'Syndikater inacceptabel ass. De Brauereikonzern AB InBev wëll iwwer 260 Plazen an der Belsch ofbauen an iwwer 800 an Europa, dorënner fält och Lëtzebuerg mat iwwer 64 Plazen.

Buergermeeschter: Dikrecher Béier nëmmen zu Dikrech brauen!

Dikrecher Béier, deen net zu Dikrech gebraut ginn ass, dat ass just eng "vaste tromperie" fir de Consommateur. Dat hunn den Dikrecher Buergermeeschter Jacques Dahm an de Secretaire René Liltz um Mëttwoch un d'Brasserie de Luxembourg, där jo déi zwou Béiermarke Mousel an Diekirch gehéieren an déi déi jo demnächst an der Belsch braue wëll, geschriwwen.

Hir Argumentatioun: E Produit, deen als Numm eng geographesch Bezeechnung hätt, kinnt och just op där Plaz produzéiert ginn. An dofir géng et just 2 Méigelechkeete ginn: Entweder gëtt den Dikrecher Béier och weider zu Dikrech gebraut oder awer d'Brasserie verkeeft hir Installatiounen an hire Markennumm, fir datt een aneren den Dikrecher Béier zu Dikrech braue kann. D'Auteure vum Bréif erwaarden eng Decisioun vun der Direktioun bis de 15. Februar ...

Datéiert ass de Bréif op de Mëttwoch, 13. Januar 2010. Virdru war et op deem Dag ewell d'Nouvelle, datt d'Brauerei zu Dikrech wahrscheinlech spéitstens am Hierscht hir Dieren hei zu Lëtzebuerg zoumaache soll. 




Nei Aktioun: Mir kafen Diekirch ...

De Mëttwoch huet och eng Initiativ op sech opmierksam gemaach, déi d'Brasserie kafe wëll. Déi Aktioun kléngt zwar e bëssen utopesch, mä d'Hoffnung stierft jo bekanntlech als Lescht. "Mir Lëtzebuerger kafen d'Dikrecher Brauerei op", heescht dës Initiativ.

Motto: "Wa si eis d'Brauerei also wëlle wäschen, da kafe mer Inbev se of." Jidereen, dee gewëllt ass, do mat ze maachen, ka sech aschreiwen a soll natierlech och bezuelen. Dat ganzt soll iwwert ee Fong lafen an et ass och schonn ee Notaire ageschalt.

D'Internetadresse, fir matzemaachen, ass: invest.cc-center.com

Déi Lénk: Dikrech kann iwwerliewen

D'Dikrecher Brauerei kann iwwerliewen! Där Meenung ass och déi Lénk an appelléiert un d'Regierung, e Konzept auszeschaffen, fir d'Brasserie ze iwwerhuelen.

Et géifen zwou Méiglechkeeten: entweder e fräiwëllege Kaf oder awer carrément eng Verstaatlechung, esou wéi se vun der Verfassung erlaabt wär.

D'Sue kinnte vun der Spuerkeess kommen, zesumme mat der nationaler Kredit- an Investissementsgesellschaft. D'Bank Dexia, déi schliisslech vum Staat ënnerstëtzt gouf, kinnt och Sue léinen, an zwar zu acceptabele Conditiounen, an da sollte schliisslech nach Suen aus dem Fonds de Compensatioun vun der Pensiounskeess geléint ginn.



Gewerkschaften onzefridden

No der Manifestatioun e Méindeg, fir Solidaritéit mat de Beschäftegten aus der Dikrecher Brauerei ze weisen, war en Dënschdeg eng weider Etapp: D'Vertrieder vun der Direktioun hu sech mat deene vun de Gewerkschaften zesumme gesat.

Et goufen och no zwou Stonnen net vill Äntwerten, op déi vill Froen déi sech stellen, mä d'Delokalisatioun schéngt sécher, sou de Romain Daubenfeld vum OGB-L.

 AUDIO: De Romain Daubenfeld »



Op ass och no der Reunioun d'Fro bliwwen, ob et beim Ofbau vun 63 Aarbechtsplaze bleift, sou wéi en déi lescht Woch ugekënnegt gi war.

Wou d'Gewerkschaften och nach keng Satisfactioun kruten, dat ass bei hirer Demande fir de Bilan vum leschte Joer vun der Direktioun presentéiert ze kréien. Ouni déi Chiffere ginn et keng Verhandlungen, betount de Romain Daubenfeld.

Deen nächste Méindeg gesi sech d'Gewerkschaftler mat der Direktioun fir eng weider Ronn. Et gëtt gehofft, datt déi gefuerdert Donnéeën bis dohi prett sinn. Soulaang, sou de Romain Daubelfeld, bleift de Sujet "Sozialplang" tabu.

Claude Turmes: Wat si geographesch Nimm wäert?

De gréngen Europadeputéierten Claude Turmes stellt am Kontext Diekirch eng Fro un d'Kommissioun zu Bréissel. Den Här Turmes weist drop hin, datt et ëmmer méi dees Béier gëtt, dee wuel op eng lokal oder regional Identitéit hiweist, deen awer zugläich op enger ganz anerer Plaz gebraut gëtt. Fro also un d'Kommissioun: Gëtt de Consommateur do net op d'A gedréckt?

Misst et net esou sinn, datt eng Mark, déi op hir geographesch Originnen hiweist, dann och tatsächlech hire Béier an där Regioun produzéiert. Sou gëtt et jo och gemaach mat der appellation controle wat de Wäin betrëfft, d'Fleesch oder de Kéis.

Jambon de Parme däerf bekanntlech net zu Lëtzebuerg gereechert ginn ... an et erënnert een sech als Lëtzebuerger un d'Gedeessems rondrëm den Thüringer ...




1.200 Leit op Demo géint d'Fermeture

Eigentlech sollt 2010 fir Dikrech ee Festjoer ginn. D'Stad feiert nämlech hir 750 Joer. Ma fir ze feieren ass et zanter en Donneschdeg ville Leit net méi. Zanter datt AB Inbev ugekënnegt huet, datt d'Brauerei zu Dikrech zougemaach gëtt, ronn 63 Leit hir Plaz verléieren an den Dikrecher- a Mouselsbéier geschwënn mat belschem Waasser gebraut ginn.

VIDEO: Biller vun der Manif (1)







E Grupp vu Jonke wollt sech do dergéint wieren a si hunn et fäerdeg bruecht, fir an 48 Stonnen iwwer 1.200 Leit ze mobiliséieren, déi e Méindegowend an engem Protest-Emzuch matspadséiert sinn.

VIDEO: Biller vun der Manif (2)






Vun der Dikkrecher Musek begleet ass et am Cortège friddlech aus der Groussgaass bis an den Haff vun der Brauerei gaang. D'Salariéen, Gewerkschaftler an eng Rëtsch Lokalpolitiker un der Spëtzt an déi vill aner Demonstranten hannendrun.

Mat der Brauerei verschwënnt e Stéck Dikrech, ma vierop ginn awer Existenzen zerstéiert vun all deenen, déi bis ewell do geschafft hunn. De Schock, datt geschwënn Schluss ass sëtzt bei hinnen nach ëmmer ganz déif.






Är Commentairen

Gidd w.e.g. Ären Numm an Är E-Mail-Adress un. Merci! D'E-Mail-Adress froe mir, fir Iech eng Confirmatioun ze schécken, wann Äre Commentaire online ass.
Duerch d'Fortschécke vun Ärem Commentaire acceptéiert Dir eis
Conditions d'utilisations fir d'Moderatioun vun eise Commentairen a Lieserbréiwer.

MODERÉIERT W.E.G. ÄREN TOUN: KENG FRECHHEETEN.
KENG ONGEPRÉIFTE "FAKTEN". KENG FALSCH IDENTITÉITEN. MERCI!
Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
2. Sep 18:19  BNP Real Estate: Taux de Vacance bei Bürosgebaier héich
2. Sep 16:16  Lokales: Auto a Gruef tëscht Garnech a Wandhaff, Mann voll
2. Sep 16:03  Vermësst zënter 25. August: Belo Simoes Abreu Luis Cesario
2. Sep 15:10  Tunnel Houwald: Aarbechte lafe wéi geplangt, sou P&Ch
2. Sep 12:19  SES-Astra: 3D-Tëlee mat manner techneschem Opwand
2. Sep 11:42  Integration durch Austausch: IdA Programm och zu Lëtzebuerg
2. Sep 11:29  Lokales: 1 Persoun schwéier blesséiert bei Accident op A1
2. Sep 11:25  Lokales: Automobilistin mat 151 amplaz 70 km/h ënnerwee
2. Sep 10:20  Iechternach/Manertchen: Auto mat Päerd zesummegestouss
2. Sep 08:01  Staatsbudget: Optakt vun de Beichtstullgespréicher
1. Sep 18:00  Lokales: Fra erstach bei Familljesträit zu Esch e Mëttwoch
2. Sep 07:58  Lokales: 3 Blesséierter bei Accident zu Bierchem/Béiweng
2. Sep 07:42  Lokales: D'Stater Pompjeeë waren direkt 3 mol am Asaz
1. Sep 16:28  Bilan Karschnatz: 20% Abousse am Verglach mat 2009
2. Sep 07:30  Wäiswampesch: Drénkwaasser gespaart den 2. September
31. Aug 18:54  Streck Briddel-Stroossen: Wéint Chantier 3 Deeg zou vum 2/9
1. Sep 17:54  Lokales: 4 Liicht Blesséierter bei Accident op A13
2. Sep 07:30  DGB: Däitsch Kritik u Lëtzebuerger Kannergeld-Mesure
1. Sep 13:46  Lokales: Zu Esch huet eng Spillplaz gebrannt
1. Sep 13:42  ADR: Neien Agrarzenter Jo, mä net egalwou an egalwéi!
1. Sep 13:42  Aarbechtsaccident zu Klierf: Fangerkëppchen ofgetrennt
1. Sep 13:41  D'Inflatioun ass am August op 2,2% zréckgaang
1. Sep 13:40  Lokales: Zu Iechternach ass an eng Gäertnerei agebrach ginn
1. Sep 13:16  De Robert Biever ass elo offiziel Procureur Général
1. Sep 12:00  Meteo: Den August war en extrem naasse Mount
1. Sep 12:00  Reform bei der Douane: Gewerkschaft nëmmen zum Deel averstan
1. Sep 13:20  driving.lu an habiter.lu elo och um Site vun RTL
1. Sep 11:13  Zeienopruff: Porsche geklaut zu Péiteng e Mëttwochmoien
1. Sep 09:06  D'ASTI warnt viru falsche Sue-Sammler déi ënnerwee sinn
1. Sep 08:20  Nei eenheetlech grenziwwerschreidend Tariffer op Buslinnen
31. Aug 22:58  Findel: Accident vun engem Privatfliger um Dënschdegowend
31. Aug 17:52  Accident tëscht Eiter a Bus: Schwanger Fra blesséiert
31. Aug 16:07  Ausweisung vu serbescher Famill offiziell confirméiert
31. Aug 15:00  Aarbechte vun der Sotel illegal, sou Greenpeace
31. Aug 13:21  Gratis Nohëllefscoursen vum CPOS fänken den 1. September un
31. Aug 12:58  Lokales: 2 Blesséierter bei 2 Accidenter um Dënschdegmoien
31. Aug 12:14  Iceland Express: Keng Vole méi vu Lëtzebuerg op New York
31. Aug 11:30  Virun 68 Joer: D'Lëtzebuerger soten de Nazien "Nee"
31. Aug 07:20  Bréissel: De Jean-Claude Juncker war beim Herman Van Rompuy
31. Aug 01:12  Lokales: Schwéieren Accident um Blvd. JFK um Kierchbierg
30. Aug 07:27  Stater Geschäftsverband: Gutt Braderie, net super wéi 2009
10. Aug 17:05  Pakistan brauch Hëllef: Spendenopriff zu Lëtzebuerg

Ëmfro »

Hutt Dir är Batterien iwwer d'Summervakanz konnten oplueden, fir d'Rentrée elo mat Energie kënnen z'attackéieren?
Op alle Fall!
Nee, ech brauch nach méi Vakanz!
Ech hat guer keng Vakanz...
Ech hu keng Meenung dozou.

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.

Hifi International