Haiti: Lëtzebuerg hëlleft am Ganze mat 2,7 Milliounen Euro

RTL - 21.01.2010, 12:10 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.01.2010, 17:50 | 8 Commentaire(n)

Haiti: Lëtzebuerg gëtt 500.000 Euro Direkthëllef fir Hëllefsorganisatiounen, 700.000 Euro fir konkret Projeten an 3 Mol 500.000 Euro fir den Neesopbau.

Fir den Affer vun deem fuerchtbaren Äerdbiewen den 12. Januar 2010 op Haiti ze hëllefen, huet Lëtzebuerg eng finanziell Nouthëllef iwwer 1,2 Milliounen Euro decidéiert. Déi Sue sollen zesumme mat de Partner am humanitäre Beräich agesat ginn.

An enger 1. Phas gouf eng hallef Millioun Euro accordéiert:

- 200.000 Euro fir de "Programme alimentaire mondial" (PAM): Hei geet et ëm Liewensmëttel;
- 50.000 Euro fir Objectif Tiers Monde: Drénkwaasser, Iessen a medezinnescht Material;
- 50.000 Euro fir d'Fondation Caritas Luxembourg: Prise en charge vun engem " camp de déplacés";
- 100.000 Euro fir Care Lëtzebuerg: Drénkwaasser a provisoresch Abrien;
- 50.000 Euro fir d'Hëllefsequipe vu Protection civile a Croix-Rouge;
- 50.000 Euro fir d'Emergency Rescue Unit (ERU) vun der Croix-Rouge.

Kuerz dono huet d'Ministesch vun der Cooperatioun an der Action humanitaire en zousätzleche Montant iwwer 700.000 Euro zougeséchert:

- 200.000 Euro fir d'UNICEF (protection des enfants, eau et assainissement);
- 200.000 Euro fir Handicap International Luxembourg: appui hospitalier, fourniture d’aide à la mobilité, kinésithérapie;
- 150.000 Euro fir Médecins sans Frontières Luxembourg: soins médicaux;
- 100.000 Euro fir d' Croix-Rouge luxembourgeoise: 2.000 «shelter kits»;
- 50.000 Euro fir SOS Villages d’Enfants Monde Luxembourg: nourriture, médicaments, vêtements, soins de base, support psychologique.

Weider huet d'Regierung decidéiert, am Zäitraum 2010 bis 2012 all Joer 500.000 Euro fir den Neesopbau vum Land ze stellen.

D'Regierung wëll d'Situatioun sur place och weider am A behalen a hir Hëllef bei Bedarf un d'Besoinen upassen.

Haiti: Verdeelung vun Hëllefen un d'Affer vum Äerdbiewen.Foto: Caritas


Spendekonten

D'ganz Welt mobiliséiert sech, fir den Haitianer ze hëllefen. Dir kënnt op dës Konten iwwerweise mam Vermierk "Äerbiewen Haiti":

- Croix-Rouge: CCPL LU52 1111 0000 1111 0000
- Caritas Luxemburg: CCPL LU34 1111 0000 2020 0000
- MSF: CCPL LU75 1111 0000 4848 0000
- UNICEF: CCPL LU38 1111 0000 1818 0000
- Handicap International: CCPL LU47 1111 0014 2062 0000
- Objectif Tiers Monde: CCPL LU22 1111 0468 7726 0000
- CARE Luxemburg a.s.b.l.: CCPL LU28 1111 2588 1923 0000
- SOS Villages d’Enfants: CCPL LU65 1111 0050 0053 0000
- Action Avenir Haïti asbl.: CCPL LU81 1111 2342 0345 0000
- Associatioun Schëffleng Hëlleft: BCEE LU87 0019 2055 7007 1000
- OGBL/ONG Solidarité Syndicale: CCPL LU54 1111 0828 4810 0000
- Kindernothilfe Luxembourg asbl: CCPL IBAN LU73 1111 0261 4249 0000
- Oeuvre de Mère Teresa Luxembourg asbl: CCPL LU95 1111 0012 9938 0000

Bis de Sonndeg, 7. Februar kann een och mam Handy Done maachen: Wien en SMS mam Message "SOS" op de 64900 schéckt, spent automatesch 2 Euro fir d'Äerdbiewenaffer (bei P&TLuxembourg/LUXGSM, Tango an Orange).

D'Supermarchéschaîne Cactus spent 25.000 Euro a gëtt - zesumme mam Roude Kräiz - all senge Clienten d'Méigelechkeet, Bonge fir 5 Euro oder 500 Punkte vun der Clientskaart ze kafen, déi dann integral bei dee grousse Scheck derbäi kommen. Och déi Aktioun leeft bis de 7. Februar.

Gläichzäiteg warnt d'Police virun onéierleche Maile mat Spendenopriff.

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!