Grand-Duc Jean krut de Naturschutzpräis 2009
RTL - 25.01.2010, 08:32 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.01.2010, 06:59
De Grand-Duc Jean gouf um Méindeg fir säin Engagement am Naturschutz mam Präis „Hëllef fir d'Natur 2009“ geéiert.

Zanter 1997 iwwerhëlt de Grand-Duc all Joer de Patronage vum nationalen Dag vum Bam an engagéiert och soss fir d'Erhale vun der Ëmwelt.
Nieft dem Groussherzog ginn e Méindeg den Owend am och eng Partie Gemengen aus dem Land fir hiren Engagement am Naturschutz ausgezeechent, et sinn Beefort, Bartreng, Beetebuerg, Leideleng, Manternach, Mäertert, Mompech, Schengen, Wellesteen a Bäerdref.
De Naturschutzpräis gouf 1985 agefouert a gëtt all Joer vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur iwwerreecht. De Präis ass mat 5.000 Euro dotéiert.
| VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg |
