Groupe Support Psychologique vu Protex zielt 64 Benevolen
RTL - 05.02.2010, 12:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.02.2010, 20:10 | 4 Commentaire(n)
De Groupe de Support Psychologique vun der Protex këmmert sech no schlëmmen Accidenter oder Katastrofen ëm déi psychologesch Betreiung vun den Affer.

De GSP ass 1997 als Pilotprojet gegrënnt ginn an zielt den Ament 64 Benevolen. Mä dat sinn der net genuch.
Fir esou vill Leit ewéi méiglech ze rekrutéieren, gëtt all zwee Joer eng Formatioun proposéiert, déi iwwregens jidderee maache kann, seet de Chef de Groupe Charles Brück. Et muss ee just op d'mannst 21 Joer hunn.
Déi, déi hir Formatioun ofschléissen, kënnen direkt op den Terrain. Deelweis mat der Police, mat där de GSP enk zesummeschafft.
De GSP mécht eng akut Betreiung, déi an der Regel 2 bis 3 Stonnen dauert. A leeden d'Leit dann un déi kompetent Servicer weider.
De GSP proposéiert senge Mataarbechter awer och e regelméissege Suivi a nei Formatiounen. D'nächst Joer am Mee mécht d'Equip zum Beispill bei enger Kriseninterventiounsausbildung zu Hamburg mat.

Äre Commentaire