CGFP: D'Tripartite besser op méi spéit verleeën

RTL - 08.02.2010, 14:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 08:20

CGFP: Wann d'Regierung awer bei hirem aktuellen Timing bléift, da géif d'Tripartite zu enger "Zerräissprouf fir di ganz Gesellschaft" ginn.

Wann et der CGFP nogeet, da soll d'Tripartite eréischt an der zweeter Halschent vum Joer sinn, da wa bedeitend méi Informatiounen zu der finanzieller a wirtschaftlecher Situatioun vum Land virleien, esou d'Staatsbeamtegewerkschaft e Méindeg de Mueren no enger Reunioun vum Comité fédéral.

D'CGFP ass wuel d'accord, datt de Staat net kann onendlech Scholde maachen, ma de Spuerpak, wéi en e Freideg vun der Regierung presentéiert ginn ass, fixéiert zevill e rigide Kader, an deem d'Tripartite just nach kéint iwwer Spueren diskutéieren. "De Spillraum ass praktesch null", esou de Generalsekretär Romain Wolff.

Wat d'Fonction publique betrëfft, wiert sech d'CGFP dogéint, datt spezifesch Themen, déi di ëffentlech Beschäftegt ugeet, an der Tripartite diskutéiert ginn.

Soss setzt sech d'Staatsbeamtegewerkschaft duerfir an, datt fir d'éischt emol eppes géint de Steierbedruch hei am Land gemaach gëtt, ier een iwwer Steiererhéijunge schwätzt.

A wat d'Entwécklung um Aarbechtsmaart an déi domatter verbonne Käschte fir de Fonds de l'Emploi betrëfft, kéint d'CGFP mat enger Hausse vun der Solidaritéitssteier liewen, awer just wann dat och fir d'Patronat gëllt.

Bei der Gewerkschaft kann ee sech iwwregens virstellen, datt et virun der Tripartite nach zu weidere Sondagegespréicher mat der Regierung kënnt.

VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg