Clierf: Auto vu Fielsen an der Rue de Bastogne zerquetscht

RTL - 08.02.2010, 17:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 08:38 | 9 Commentaire(n)

Zu Clierf an der Rue de Bastogne hu sech um Méindegnomëtteg Fielse geléist an en Auto ënnert sech begruewen. Et koum awer kee Mënsch zu Schued.

... vum Auto ass allerdéngs näischt iwwreg bliwwen. Just ee klengt Stéck luusst nach, de Rescht ass, esou en Zeien, "platt wéi e Su".

Wéi et schéngt, goungen an der Lescht d'Meenungen iwwert dee Fiels auserneen: Déi eng soten, e kinnt all Ablack gefall kommen, déi aner hunn dogéint keng Gefoer gesinn ...



Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!