1. Tenqy-Waasserspender a Lëtzebuerger Lycée installéiert

RTL - 08.02.2010, 17:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 08:24 | 12 Commentaire(n)

Waasserspender am Lycée Michel Rodange: De Kanner an de Jonken de Wäert vum Krunnewaasser rëm méi no bréngen; dat soll mam Projet Pilote "Tenqy" geschéien.

Tenqy ass eng Zapsail, déi un de Krunn ugeschloss gëtt, an aus där frëscht Waasser kënnt. Eng Zort Krunnewaasser-Quell also. D'Iddi kënnt aus Holland, wou schon eng 500 Lycéeën esou en Automat hunn. E Méindeg ass deen éischte Tenqy-Waasserspender an engem Lëtzebuerger Lycée installéiert ginn.

An zwar am Lycée Michel Rodange. En zweeten Automat kënnt an de Nordlycée zu Wolz. Bis ewell gouf et zu Lëtzebuerg nëmmen an dräi Primärschoule ronderëm de Stauséi en Tenqy; zu Harel, Kietscht am Heischent.

Nächste Schratt ass et, elo och en Tenqy an all déi aner Lycéeën uechtert Land ze kréien. Den Ament ass d'Waasser nach gratis... duerno soll all Schüler pro gefëllte Fläsch 10 Cents bezuelen.

D'Simone Beissel, Vize-Presidentin vum SEBES, huet déi Jonk nach emol op d'Wichtegkeet an den héije Wäert vum Waasser opmierksam gemaach.

Déi Jonk sollen duerch dee Projet feststellen, datt se zu Lëtzebuerg nach ouni Bedenke kënne Waasser vum Krunn drénken. Esou léieren se dann och méi nohalteg ze liewen.

VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!