OGB-L: "Diskriminatioun" vu Frontalieren bei Besteierung

RTL - 08.02.2010, 17:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.02.2010, 18:14

Den OGB-L freet, ob et normal ass, dass Frontalieren, fir déi selwecht Aarbecht a mam selwechten Etat civil anescht besteiert ginn, wéi hir lëtzebuergesch Kollegen.

Et geet ëm déi Leit, déi net bestuet sinn, awer Allocations familiales différentielles kréien. D'Frontalieren géifen do an d'Steierklass 1 falen, si missten awer no der Klass 1A besteiert ginn.

D'Uersaach fir déi "Diskriminatioun“, wéi den OGB-L seet, wier dass d'Frontalieren no engem Certificat iwwert d'Allocations familiales vum éischten Semester vun dësem Joer gefrot ginn. Deen Certificat kéinten d'Frontalieren awer nach guer net virleeën.

D'Gewerkschaft huet sech elo mat engem Bréif un den Direkter vun der Steierverwaltung adresséiert fir d'Saach opzeklären.