Déi jonk Gréng: "Klima ass net verhandelbar"

RTL - 08.02.2010, 17:51 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.02.2010, 19:02

"De Klima ass net verhandelbar": Dat schreiwen déi jonk Gréng an engem Communiqué a reagéieren domatter op Aussoe vum Minister fir Nohalteg Entwécklung.

An engem Interview mam Essentiel hat de Minister vun "pragmateschen Visounen“ geschwat a gesot, dass Lëtzebuerg net onbedéngt selwer misst CO2-Emissiounen aspueren, mä et kéint een Ëmweltprojeten an aneren Länner finanzéieren.

Déi jonk Gréng veruerteelen déi Attitude vum Minister. Et géif weisen, dass d'Regierung kleng kloer Linn an keng national Strategie hätt fir d'Emissioun vun Zäregasen ze reduzéieren.