Cour des comptes: Kleng Feeler am Parteifinanzéierungsgesetz

RTL - 08.02.2010, 17:52 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 08:07 | 1 Commentaire(n)

D'Cour des comptes huet an hirem éischte Rapport iwwert dat neit Parteifinanzéierungsgesetz méi kleng Ongereimtheeten entdeckt.

Dee Rapport bezitt sech op d'Joer 2008 a gouf e Méindeg de Membere vun der Budgetskontrollkommissioun presentéiert. Eenzel Problemer ginn et bei den Lokalsektiounen an der net ëmmer ganz klorer Trennung tëscht Donen a Membercotisatiounen.

Dat neit Gesetz ass jo réischt 2008 a Kraaft getrueden a war och fir d'Parteie ganz nei.

Et ass awer kloer, datt keng Partei méi Sue vum Staat krut wéi se ze gutt hat. Am ganze sinn 2008 2 an eng hallef Millioun Euro ëffentlech Gelder un CSV, LSAP, DP, déi Gréng an d'ADR gefloss, woubäi d'CSV als gréisste Partei natierlech am meeschte krut.

Wou nach e bësschen Diskussiounsbedarf besteet, dat ass eben bei den Donen. All Don vu méi wéi 250 Euro muss nämlech genee notéiert ginn. Wann awer ee Member méi wéi 250 Euro Cotisatioun bezillt, fält en net ënnert Gesetz a kann et also sou ëmgoen.

Déi Gréng werfen dowéinst d'Fro op, op d'Gesetz net misst präziséiert ginn.

Un der Comptabilitéit vun de Parteizentralen, hat d'Cour des comptes näischt auszesetzen. Ënnerorganisatiounen an d'Lokalsektiounen hunn et do leider awer net ëmmer sou genee geholl. Et hunn alt mol Ënnerschrëfte gefeelt, oder de Bilan ass net virun d'Zentral gi ginn.

De Problem ass och hei, datt et nach keen eenheetleche Comptabilitéitsmodell gëtt. De Rapport vun der Cour des comptes geet lo un d'Institutiounscommissioun. An da kéint den Text an engem Joer, ënner Ëmstänn, och nogebessert ginn.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!