Keng Enkpäss fir Vaccinë fir Kannerkränkten zu Lëtzebuerg

RTL - 08.02.2010, 17:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.02.2010, 18:29

An Däitschland wier bal keen Impfstoff méi do géint de Keuchhusten, géint d'Kannerlähmung a géint Hepatite B. Lëtzebuerg huet nach fir 6 Wochen Stock.

Déi nei Gripp ass scho vergiess, ma elo gi sech an Däitschland Suerge gemaach ëm de Vaccin fir Kannerkränkten: et heescht, et wier bal keen Impfstoff méi do géint d'Coqueluche, also de Keuchhusten, géint d'Kannerlähmung a géint Hepatite B.

De Pharmaproduzent GlaxosmithKline kinnt dës Produit den Ament net méi liwweren, well se ze vill ze dinn hat mam Vaccin géint d'Schwéngsgripp.

RTL huet op der Lëtzebuerger Santé nogefrot: Bei eis ginn et déi Problemer net. Mir kréien dës Vaccinë wuel och vu GlaxosmithKline, awer net aus Däitschland, mä, via d'Belsch.

D'Stocken zu Lëtzebuerg ginn nach fir 6 Wochen duer.