Geriicht: 13 Joer Prisong gefrot wéint Viol u Stéifschwëster

RTL - 08.02.2010, 18:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.02.2010, 18:36

Geriicht: Een haut 21 Joer jonke Mann kritt "Attentat à la pudeur" a "Viol" u senger klenger Stéifschwëster virgeworf. D'Urteel gëtt den 8. Mäerz gesprach.

De Beschëllegten gëtt zou seng Stéifschwëster während engem Joer ugepaakt a vergewaltegt ze hunn. Hien hätt sech "naischt dobäi geduecht", ass sech senger Schold mëttlerweil awer bewosst.

D'Faiten sollen sech tëscht den Joren 2005 an 2009 am Heemechtshaus ofgespillt hunn, wann d'Elteren net do waren. Während deem Zäitraum hat den Täter tëscht 16 an 20 - an d'Affer tëscht 9 an 13 Joer. D'Vergewaltegungen sinn opgeflunn, well d'Meedchen sech "geritzt" huet an d'Elteren hir Duechter quasi forcéiert hunn, ze soen wat lass ass.

De Psychiatreschen Expert huet festgestallt, dat de Beschëllegten keng akut Erkrankung huet, an zourechnungsfäheg ass. Allgemeng kéint een den Täter als een "Aussesäiter“ qualifizéieren. Fir Enquêteuren besteet keen Zweifel, dat d'Meedchen während 4 Joer vu sengem Steifbrudder vergewaltegt ginn ass.

D'“Partie Civile“ verlaangt d'Verurteelung a 50.000 Euro fir den moraleschen Schued. Dem Meedchen giff et ëmmer nach ganz schlecht goen an meiglecherweis kéint et ni Kanner kréien.

Den Affekot vum Beschëllegten huet op "circonstances atténuantes" plaidéiert. Säin Client wär ganz jonk, hätt keng Gewalt ugewannt an wär am Prozess éierlech gewiescht.

Am Réquisitoire freet den Procureur 13 Joer Prisong mat Méiglechkeet op "Sursis Preparatoire“.