Post: Bréifdréieschgewerkschaft fillt sech provozéiert
RTL - 08.02.2010, 18:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 15:24
Nom Eklat bei de Verhandlungen bei der Post: D'Bréifdréieschgewerkschaft fuerdert, dass d'Politik hir Verantwortung an dësem Dossier iwwerhuelen.

Genee wéi den LCGB, fuerdert dann och d'Bréifdréieschgewerkschaft, dass d'Politik, also Regierung a Chamber, hir Verantwortung an dësem Dossier iwwerhuelen.
Nodeems schonn am Ufank vun der Reunioun e Méindeg haaptsächlech gestridde gouf, huet d'Postdirektioun de Verhandlungsdësch verlooss. De Problem louch bei der Gehälterstruktur, esou den Vertrieder vum LCGB, den Jean-Paul Baudot.
|
Et géif awer schliesslech em 3.500 Leit goen, an dofir wier d'Aart a Weis vun der Postdirektioun net ze verstoen. Den LCGB fuerdert, dass d'Politik muss agräifen, wann et anescht keng Fortschrëtter ginn.
D'Postdirektioun géif iwwer Salaire schwätzen, déi nëmme ganz liicht iwwert dem Mindestloun leien. Dat wier inacceptabel. D'Propose vun de Personalvertrieder géife vun der Direktioun carrément ignoréiert ginn.
Kritik un der Direktioun vun der Post gëtt et donieft och vum Syvicol. De Gemengesyndikat weist drop hin, dass d’Post den Ament Drock op verschidde Gemenge mécht fir d’Postbüroen z’ersetzen duerch méi kleng Post-Butteker, zum Beispill op den Tankstellen oder an Zeitungsgeschäfter.
Et sollen nëmmen nach véier grouss regional Postbüroe bleiwen, sou de Syvicol, dee virun allem kritiséiert, dass een doriwwer net vun der Post informéiert gi wier.
De Syvicol betount nach, datt de Syndikat een Akkord mat der Post hat, fir informéiert ze ginn, éier eppes um Terrain géif geschéien. Den Olivier Mores, Pressespriecher vun der Post, huet um Méindegowend op RTL Tëlee Lëtzebuerg op dës Kritik reagéiert.
|

