Servior: D'Konte vun 2006 an 2007 sinn an der Rei

RTL - 09.02.2010, 07:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 07:40

D'Konte vu Servior aus de Joren 2006 an 2007 sinn an der Rei, dat geet aus dem Rapport vun der Cour des comptes ervir, deen e Méinde publizéiert ginn ass.

servior© t.y

Servior ass een établissement public a geréiert den Ablack am ganzen 18 Altersheemer a Fleegeheemer an deenen an der Moyenne 1.500 eeler Leit betreit ginn.

Och wann d'Cour des comptes keng Irregularitéite festgestallt huet, huet se awer op e puer Punkte Froen opgeworf, seet d'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun Anne Brasseur.

 AUDIO: D'Anne Brasseur »



Enn d'lescht Joer war Servior an d'Kritik gerode well den établissement public seng Präisser Uganks Dezember relativ kuerzfristeg ëm 80 Euro de Mount eropgesat hat.

Weider Problemer gesäit d'Cour des comptes bei der Kontroll.

De Familljeministère, deem Servior ënnersteet, huet zwar Vertrieder am Verwaltungsrot sëtzen, mä et ass keen do deen Depensen an d'Recette wierklech kontrolléiert.