De Jean Asselborn op Aarbechtsvisite am Montenegro a Kosovo

RTL - 09.02.2010, 07:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 14:45

De Vize Premier an Ausseminister Jean Asselborn mécht vun en Dënschdeg bis en Donneschdeg en Tour iwwert de Balkan.

Um Programm stinn Aarbechtsvisiten am Montenegro, Mazedonien an am Kosovo.

Um Dënschdeg ass déi Lëtzebuerger Delegatioun zu Podgorica, wou de Jean Asselborn ënner anerem mam Ausseminister vum Montenegro fir Gespréicher zesumme kënnt. Déi bilateral Relatiounen an d'Efforte vum Land fir Member vun der Europäescher Unioun ze gi kommen zur Sprooch. Muer reest de Lëtzebuerger Diplomatiechef virun a Mazedonien, wou hien zu Skopje de President Gjorge Ivanov gesäit. Lescht Etape vun dëser Aarbechtsvisite um Balkan ass de Kosovo, wou de Jean Asselborn ënner anerem d'Lëtzebuerger Zaldote besicht, déi zu Novo Selo stationéiert sinn. Si stinn ënnert dem Kommando vun der franséischer KFOR Missioun.