Véiert Journée Nationale de Prevention du suicide

RTL - 09.02.2010, 07:43 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 08:26

Um Dënschdeg ass déi véiert Editioun vun der Journée Nationale de Prévention du suicide. 2007 hate sech zu Lëtzebuerg 90 Persounen d'Liewe geholl.

An dem Kontext publizéiert de Quotidien eng Partie interessant Chiffren, déi anengems awer och ze denke ginn.

All véier Deeg gëtt et hei zu Lëtzebuerg ee Suicide. Déi rezentst Zuelen déi virleie stamen aus dem Joer 2007. Dat Joer haten sech net manner wéi 90 Persounen hei am Land suicidéiert. Dat woren 59 Männer an 31 Fraen. Et bréngen sech all Joer méi Leit ëm wéi déidlech Verkéiersaccidenter geschéien. Zanter 2005 géif eng konstant Hausse vun de Suiciden notéiert ginn, schreift de Quotidien an senger Editioun vum Dënschdeg.

Fir d'Weltgesondheetsorganisatioun ass de Suicide ee grousse gesellschaftleche Gesondheetsproblem deen awer kéint evitéiert ginn. De Suicide ass besonnesch bei deene Jonken a bei eelere Leit eng vun den Haaptdoudesursaachen.