LCGB Norden: Petitioun fir méi Sécherheet op der N7

RTL - 09.02.2010, 11:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 12:12 | 28 Commentaire(n)

Petitioun: Den Norddeel vun der "National 7" ass total iwwerlaascht an immens geféierlech, sou den LCGB Norden! D'Sécherheet muss onbedengt verbessert ginn

© Dan Schank

Si hätt gäre Verbesserungen op der 3-spuereger Schnellstrooss tëscht Ettelbréck an der belscher Grenz. All Dag giffen tëscht 15- an 18.000 Autoen driwwer fueren.

Ze vill Ausfahrten, Rond-Point'en, Passagen an Dierfer an Iwwerhuelverbueter giffen den Trafic stéieren – fënnt den Carlo Wagener, Gewerkschaftssekretär vum LCGB Norden. Si fuerden e 4-spueregen Ausbau mat enger Trennung vun deene Spueren fir Accidenter mam Géijeverkéier ze evitéieren. Da sollen d'Lénksofbéi-Virgäng duerch Iwwer- bzw Ënnerführungen evitéiert ginn, an d'Uertschaften op der Streck sollen duerch Contournementen entlaascht ginn.

 AUDIO: De Carlo Wagener vum LCGB Norden »



D'National 7 tëscht Ettelbréck an der belscher Grenz gëtt och vu ville Frontaliere genotzt. Se ass donieft eng wichteg Transitstreck fir Camion'en. De Carlo Wagner vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond ass iwwerzeegend, datt de Verkéier nach zouhellt.

Eng Autobunn soll et awer net ginn, well den landwirtschaftleche Verkéier och weiderhin iwwert déi Strooss fuere muss.

Fir datt et an dësem Dossier endlech virugeet, lancéiert den chrëschtlechen Gewerkschaftsbond elo eng Petitioun.

Foto: Dan Schank


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!