Chamber: Familljecommissioun diskutéiert iwwer Iwweschëldung

RTL - 09.02.2010, 11:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 12:10

An der Familljecommissioun vun der Chamber war elo eng éischte Kéier Rieds iwwer de Gesetzprojet iwwer de Surendettement.

A Krisen-Zäite riskéiert ee Gesellschaftsproblem méi grouss ze ginn, dee vun der Iwwerschëldung.

Et gëtt nach op den Avis vum Staatsrot gewaart, mä Konsumenteschutz, Chambre des Salariés an ABBL hu schon hir Avisën, déi zum Deel ganz kritesch si, fäerdeg.

Eng vun deene Kritiken ass, datt net genuch tëscht de verschiddenen Zorte vun Iwwerschëldung ënnerscheet gëtt, eng Kritik, déi vun der grénger Fraktioun gedeelt gëtt. Do gëllt et oppassen, seet d'Viviane Loschetter.

 AUDIO: D'Viviane Loschetter »


Statistike ginn et keng iwwer d'Zuel vu Leit, déi sech iwwerschëlt hunn, mä et gëtt geschat, datt et eng 500 nei Fäll am Joer kéinte sinn.