Greenpeace Lëtzebuerg: Neie radioaktiven Offall zu Cattenom
RTL - 09.02.2010, 12:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 12:09
Greenpeace Lëtzebuerg mécht sech Suergen ëm de radioaktiven Offall vun der Atomzentral zu Cattenom, wéint enger zukünfteger Ëmstellung vum Brennstoff.

Vue dass Cattenom, déi eenzeg Zentrale a ganz Frankräich wier, wou gëfteg a radioaktiv Stoffer an enger Baach landen, hätt déi Ëmstellung och en Impakt op d'Regioun.
An deem Kontext adresséiert sech d'Ëmweltorganisatioun un de Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo. Greenpeace wëll vum Minister wëssen, ob hien iwwer dës Ëmstellung informéiert gouf, an ob d'Regierung präzis Donnéeë krut, wat den Impakt fir d'Emwelt betrëfft.

