ADR: Bankgeheimnis wichteg fir Schutz vu Privatspär

RTL - 09.02.2010, 12:32 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 12:51

D'ADR trëtt fir d'Bankgeheimnis an. De Secret bancaire wier nämlech ee wichtegt Element vum Schutz vun der Privatssphär vum Bierger virum Staat.

E Rechtsstaat muss déi héchste Standarden fir säin eege rechtlecht an ethescht Behuelen applizéieren, schreift d'ADR.

Sollt ee Staat sech op een Deal iwwert eng geklaute CD aloossen, géif dat séier an eng Spiral vun onetheschem Verhale féieren, déi der Autoritéit vun der Politik allgemeng schued.