Luc Frieden: Lëtzebuerg géif keng geklaute Bankdate kafen
RTL - 09.02.2010, 12:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 12:46 | 33 Commentaire(n)
Luc Frieden: Fir de Lëtzebuerger Staat, d'Regierung a fir hien als Finanzminister, kéim et net a Fro, geklaute Bankdate ze kafen.

Am Kontext mat der Affaire vun der Schwäizer CD mat de geklaute Bank-Donnéeë vun Däitsche Clients, sot de Finanzminister Luc Frieden de Moien am RTL Interview, datt hie keng Informatiounen doriwwer huet, datt och Donnéeën hei am Land verschwonne wieren.
Als Jurist huet de Luc Frieden awer eng kloer Meenung, wéi hie géif reagéieren, wann hie mat esou enger Affair géif befaasst ginn. Et kéim fir hien net a Fro Donnéeën ze kafen, déi geklaut wieren.
Zitat: Un Date muss ee kommen no de Reegelen vun engem Rechtsstaat, a klauen ass ni an engem Rechtsstaat akzeptabel! AUDIO: De Luc Frieden »


Äre Commentaire