Sylvester-Morden: Retard bei Autopsie wéint Feierdeeg
RTL - 09.02.2010, 15:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2010, 15:54
Sylvester-Morden: Verspéidunge bei den Autopsië well iwwer Neijooschdag keen op der Permanence bei der Geriichtsmedezin konnt erreecht ginn.

Duerfir huet et 4 Deeg gedauert ier bei deenen zwou Persounen, déi Silvester owes op der Stater Gare erschoss gi waren, eng Autopsie konnt gemaach ginn, äntwert de Justizminister François Biltgen op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Xavier Bettel.
Déi Zoustänneg vun den zwee Geriichtsmedezins-Instituter ginn och zou, datt hir Servicer net gutt genuch fonctionnéieren.
Normalerweis gëtt et Autopsie hei am Land direkt den Dag no engem Tëschefall gemaach.
D'Enquête wier doduercher awer net behënnert ginn, seet de Francois Biltgen, well ee vun Ufank u gesinn huet, datt déi zwee Männer keen natierlechen Dout gestuerwe sinn. De presuméierten Täter ass dann och den 2. Januar identifizéiert ginn an zanter hir gëtt, mat engem internationale Mandat d'arrêt, no him gesicht.

