Stabilitéitspak: Regierungsrot sträicht an engem Tableau
RTL - 09.02.2010, 15:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.02.2010, 07:47
Stabilitéitspak: D'Oppositioun geet vu Koordinéierungsproblemer an der Regierungskoalitioun aus, nodeems d'Spuerziler aus dem Dokument gestrach goufen.

D'Zuelen iwwert d'Entwécklung vun der Sécurité Sociale, déi am éischten Entworf vum Lëtzebuerger Stabilitéitspak stoungen, woren esou net richteg, seet de Sozial- a Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo, an duerfir si se och vum Regierungsrot aus dem Dokument erausgeholl ginn.
Dovunner ofgesi, géif de Koalitiounsaccord eng ganz aner Demarche a punkto laangfristeg Ofsécherung vun zum Beispill de Pensiounskeese virgesinn.
De Conseil huet och generell fonnt, datt et ze fréi wier, fir esou Detailer ze publizéieren. 'An domadder kann ech liewe', seet de Finanzminister Luc Frieden.
Op d'Situatioun vun de Keesen aus der Sozialversécherung an d'Tripartite gehéiert... doriwwer huet de Luc Frieden eng gedeelte Meenung.
Dovunner ofgesinn ass et jo esou, datt och den Zentralbudget vum Staat all Joer ronn eng Milliard Euro an de Beidel vun der Sécurité Sociale iwwerweist, huet de Luc Frieden nach ënnerstrach.
