Reunioun vun de Scoutparlamentarier zu Märel

RTL - 10.02.2010, 09:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.02.2010, 09:12

Bei der Reunioun vun de "Scoutsparlamentarier" zu Märel ass ënner anerem driwwer geschwat ginn wéi et ëm de Benevolat steet.

© Nadine Faber

D’Scouten mat Ofstand dat gréissten Jugendmouvement hei zu Lëtzebuerg. Kee Wonner also, dass och eng Rei Politiker fréier an de Scouten waren oder nach ëmmer sinn.

Zu Lëtzebuerg hunn aussergewéinlech vill Députéirten an och Ministeren hir éischt Experiencen an de Scouten gemaach an si hunn dat net vergiess.

Déi "Scoutsparlamentarier" gesi sech reegelméisseg mat hiren aktiven Kollegen fir iwwer aktuell Sujeten ze schwätzen. En Dënschdeg war sou eng Réunioun zu Märel an do gouf ënner anerem driwwer geschwat, wéi et ëm d’Zukunft vum Benevolat steet.

D’Anne Brasseur ass d’Présidentin vun den Scoutsparlamentarier an fir si waren d’Experienzen bei de Scouten onersätzlech.

 AUDIO: D'Anne Brasseur »

Bei der Réunioun gouf och iwwer d’Joer vum Benevolat 2011 geschwat. D’Scouten sollen do hiren Engagement fir d’Gesellschaft no bausse weisen. Et wëll ee virun allem bei der auslännescher Populatioun sensibiliséieren, housch et en Dënschdeg. Do nämlech wier nach Nohuelbedarf.